|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Philosoph Francis Bacon. Fir de Moler, kuckt wgl.
Francis Bacon (Moler)
.
|
Bacon,
Sylva sylvarum
De
Francis Bacon, 1st Viscount St. Alban(s)
,
KC
gebuer den
22. Januar
1561
, a gestuerwen den
9. Abrell
1626
war en
englesche
Philosoph, Staatsmann, Wessenschaftler, Jurist an Auteur.
De Francis Bacon war
aussergeweinleche Beroder
bei der Kinnigin
Elisabeth I.
Hie gouf zweemol weinst Scholde festgeholl, bis seng finanziell Situatioun sech enner dem
James I.
gebessert hat. 1619 gouf hie Lord Grousskanzler a krut den Titel Baron Verulam. Dese leschten Titel huet hie 1620 opginn zou Gonschte vum Titel vu "Vizegrof" (fr: Vicomte, eng Viscount) vu
Saint-Alban
.
De Bacon gett zu de greissten englesche Philosophe gezielt. Hie selwer huet sech awer net emmer als Gentleman beholl. Sou zum Beispill an der Affar rondrem de Grof vun Essex deen dem Verrot beschellegt gouf. Hie gouf och selwer a Korruptiounsskandaler verweckelt. Seng Handlunge waren dee Moment net op Aarmut zereckzefeieren, ma eischter op Charakterschwacht. Weinst deene Skandaler krut hie seng Amter an Titelen oferkannt.
A sengem Wierk
Novum Organum
beschreift de Bacon experimentell Methoden, vun deenen hie seet datt Naturphenomeener sech mat Observatioun an Experimenter erklare loossen. De Bacon huet duerno d'Deelchentheorie ausgeschafft dei nach haut benotzt gett fir verschidde Phenomeener einfach z'erklaren.