|
Desen Artikel ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
De
Francois Wenner
, gebuer den
19. Juli
1889
zu
Ettelbreck
a gestuerwen de
4. Dezember
1965
zu
Letzebuerg
[1]
, war e Kolonialverwalter. Hie war vum 11. September 1940 bis den 9. Juni 1944 Kommissar a Gouverneur vun der
Provenz Lusambo
(haut an der Provenz Kasai) am
Belsche Kongo
.
Ufanks vum
Eischte Weltkrich
ass de Francois Wenner an dei Belsch Armei agetrueden an huet dei Belsch Nationaliteit ugeholl. 1918 gouf hien als Kommandant demobiliseiert. 1919 huet hien an der Belscher Ambassade zu Letzebuerg geschafft. De 4. Juli 1920 huet hien ugefaange fir dei kolonial Administratioun ze schaffen. Wei hien 1928 Besuch vum Kinnek
Albert I. vun der Belsch
krut, huet desen ironesch gemengt, de Wenner wier e greissere
Leader
wei de Belsche Kinnek, well de Wenner geif en Territoire kontrolleieren, dee siwemol mei grouss wier wei d'Belsch.
Warend der Pende Revolutioun 1931, dei sech geint d'Aarbechtskonditiounen an der
Palmueleg
-Industrie geriicht huet, ass de Wenner net direkt bei der bluddeger Ennerdreckung vun der Revolutioun interveneiert. Hien huet awer als Konschtsammler eng ganz Rei Maske vun de Pende-Bevelkerung gesammelt, dei haut a verschiddene Museeen ze gesi sinn.
1946 goung de Wenner an d'Pensioun an huet um
Belair
gelieft.
- ↑
Doudesannonce vum Francois Wenner
. Luxemburger Wort (6.12.1965). Gekuckt de(n) 6. 1. 2023.
Am
Nationalmusee fir Archeologie, Geschicht a Konscht
war vum 8. Abrell bis de 6. November 2022 eng Ausstellung iwwer d'
kolonial Vergaangenheet vu Letzebuerg
ze gesinn.