De
Ferdinand Zartmann
, gebuer de
4. Oktober
1835
[1]
zu
Bonn
a gestuerwen de
6. Oktober
1922
zu
Karlsruhe
, war en
daitschen
Aendokter, deen eng Zait zu
Letzebuerg
praktizeiert huet.
[2]
De Ferdinand Zartmann, deen am 1857 sain Abitur zu Bonn gemaach hat, huet am August 1862 zu Berlin mat der Dissertatioun
De nephritide parenchymatosa ex urinae retentione orta
promoveiert. Dora goung et em d'Nierenentzundung, dei duerch d'Staue vum Urin an der Blos ervirgeruff ka ginn.
Mat der kinneklech-groussherzoglecher Veruerdnung vum 11. Januar 1867 krut de Ferdinand Zartmann d'Erlabnes fir sech zu Letzebuerg als Aendokter z'etableieren an do eng Aeklinick opzemaachen, ennert der Konditioun, datt hien aarm Leit gratis behandele misst. Mat der Ennerstetzung vun der
Marguerite Seraphine Beving
huet hie kuerz drop, de 15. Februar 1867, am Klouschter vun de Baarmhaerzege Schwesteren (Franziskanerinnen) um
Feschmaart
an der
Stad
dei eischt letzebuergesch Klinick fir Aekrankten (?Augenheilanstalt“) opgemaach. Dat war den Ufank vun der speiderer
Clinique Saint-Francois
.
Warend dem
Daitsch-Franseische Krich
vun 1870/1871 huet den Dr. Zartmann un drai sougenannten "Expeditiounen" vum letzebuergesche
Comite de secours aux militaires blesses
deelgeholl: 1. d'Expeditioun vum 7. August 1870 op
Saarbrecken
; 2. d'Expeditioun vum 16. August 1870 op
Gravelotte
, wou hien ennerwee zu
Corny-sur-Moselle
zereckbliwwen ass; 3. d'Expeditioun vum 8. September 1870 op
Sedan
.
Wei nom Friddensvertrag tescht
Daitschland
a
Frankraich
vum 10. Mee 1871 grouss Deeler vum
Elsass
a vu
Loutrengen
daitsch gi sinn, huet den Dr. Zartmann, dee jo daitsche Staatsbierger war, sech zu
Metz
niddergelooss. Den 1. August 1871 huet hien do eng Aeklinick am Klouschter vun de
Sœurs de Notre-Dame de l'Esperance
opgemaach. Do huet hie moies praktizeiert a mettes a senger Wunneng. Donieft huet hien och nach Consultatiounen zu Letzebuerg ginn. Dei lescht Annonce dofir huet hien am Juli 1887 gemaach. Vun 1890 un huet den Zartmann mat zwou kuerzen Ennerbriechungen zu Karlsruhe gelieft, wou hien och gestuerwen ass.
De Ferdinand Zartmann war de Jong vum Dokter Andreas Josephus Zartmann, deen den 30. November 1801 zu Bonn op d'Welt koum. Sai Papp hat fir d'eischt fir Apdikter geleiert, dono huet hie vum Dezember 1824 u Medezin zu Bonn studeiert, wou hien 1829 promoveiert huet. Seng Dissertatioun mam Titel
De strumae extirpatione
huet sech mat der Exstirpatioun vun der Schilddrus befaasst. Hien huet zu Bonn praktizeiert, wou hien den 9. Abrell 1894 als
Sanitatsrat
gestuerwen ass.
De Ferdinand Zartmann huet sech den 12. Maerz 1872 zu Metz mat der Louise Caroline Ellissen, gebueren den 1. Mee 1852 zu Metz, bestuet. D'Koppel Zartmann-Ellissen hat zwee Kanner, dei zu Metz op d'Welt koumen: de Jules Andre Marie (1873-1942), deen eng Militarkarriar an Daitschland ageschloen huet, an de Robert Zartmann (1874-1954)
[3]
, dee sech an Daitschland en Numm als Moler vu Stellliewen (natures mortes) a Landschafte gemaach huet.
- Zartmann, Ferdinand, 1862.
De nephritide parenchymatosa ex urinae retentione orta
. Diss. inaug. Berolini [Berlin], typis Rosenthal ejusque soc., 36 p.
- Zartmann, Ferdinand, 1868.
Die Augenheilanstalt zu Luxemburg wahrend des ersten Jahres ihres Bestehens (vom 15. Februar 1867 bis 15. Februar 1868).
Luxemburg, V. Buck, 23 S.
- Zartmann, Ferdinand, 1868.
Etablissement ophthalmique etabli a Luxembourg: Compte-rendu publie par le medecin en chef F. Zartmann, Docteur en medecine de la Faculte de Berlin.
Luxembourg, Imprimerie de V. Buck, 20 p. + prospectus.
- Zartmann, Ferdinand, 1869.
Etablissement ophthalmique a Luxembourg: compte-rendu 1868 publ. par F. Zartmann.
Luxemburg, V. Buck, 20 p.
- Massard, J.A.
, 2021.
Luxemburgs erste Augenheilanstalt. Die Barmherzigen Schwestern, eine edle Wohltaterin und der deutsche Arzt Ferdinand Zartmann standen an der Wiege dieser Klinik.
(Fortsetzung):
Geschichte der Augenheilkunde in Luxemburg. Der deutsche Augenarzt Ferdinand Zartmann hat ein wichtiges Kapitel in der Entwicklung der Ophthalmologie in Luxemburg geschrieben
. Die Warte 2021, Nr. 6 (11. Februar): 4-5; Nr. 7 (25. Februar): 8-9.
PDF
? Erweiterte Online-Version.
PDF
- ↑
Am
Acte de mariage
vum Zartmann steet als Gebuertsdatum de 4. Oktober 1835 (Archives municipales de Metz, cote: 1E/c6, Registre des mariages 1872, n° 88). Et fennt een an der Literatur awer och de 6. Oktober 1837 (W. Erman, 1899. Verzeichnis der Berliner Universitatsschriften, 1810-1885, nebst einem Anhang enthaltend die ausserordentlichen und Ehren-Promotionen. Berlin,
S. 433
). Laut dem Stierfakt war den Zartmann 87 Joer al, wei en 1922 gestuerwen ass (Stadt Karlsruhe, Sterberegister 1922, Nr. 1511 vom 6. Oktober 1922); dat weist also op 1835 als Gebuertsjoer hinn. Et ass unzehuelen, datt de Gebuertsdatum vum
Acte de mariage
stemmt. Cf. Massard 2021, Online-Versioun.
- ↑
Massard 2021.
- ↑
Wikipedia:
Robert Zartmann
[gekuckt 2022-01-29].