한국   대만   중국   일본 
De Feierwon ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

De Feierwon

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Feierwon )
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Lidd "De Feierwon". Fir de Feierwon, mat deem de Prophet Elias laut 2Kon 2,11 an den Himmel gefuer soll sinn, kuckt wgl. Symbolik vum Feier an der Bibel .
Partitioun vum Feierwon

De Feierwon ass e Lidd vum Michel Lentz . Et gouf de 4. Oktober 1859 fir d'eischt gesongen, an zwar fir den eischten Zuch ze feieren, deen deen Dag vun der Stater Gare fortgefuer ass.

Um Knuedler , op der Trap virum Stadhaus, gouf et vun engem Chouer virgedroen, an den Text ass op Ziedelen un d'Leit verdeelt ginn. Den ursprenglechen Titel war D'Letzeburger . D'Lidd gouf seier am ganze Land bekannt a popular. Dee leschte Saz aus dem Refrain gett geleeentlech als Nationalmotto vu Letzebuerg ugesinn (wat et awer net ass). Dese gouf vun de Leit och alt a "Mir welle jo keng Preise ginn" emgewandelt.

An den 1960er a 1970er Jore waren dei lescht Takt vun der Melodie vum Feierwon all Dag am Ufanks- a Schlussclip vun den Emissioune vun Tele Luxembourg ze heieren.

Text [ anneren | Quelltext anneren ]

De Feierwon deen ass bereet,

E paift duerch d'Loft a fort e geet,
Am Dauschen iwwer d'Strooss vun Eisen,
An hie geet stolz den Noper weisen,
Datt mir nun och de Wee hu fonnt,
Zum eiweg grousse Velkerbond,

Refr.:
Kommt hier aus Frankraich, Belgie, Preisen,
Mir wellen iech ons Heemecht weisen,
Frot dir no alle Saiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sinn.
Frot dir no alle Saiten hin,
Wei mir esou zefridde sinn.

Mir hale fest un onser Scholl,
Vu Leift fir d'Land sin d'Hiezer voll;
Wa mir och keng Milliounen zielen,
Dir gett ons uechter d'Welt ze wielen;
Mir ruffen all aus engem Monn:
Kee bessert Land beschengt jo d'Sonn!

D'Natur, dei laacht ons iwerall,
Si rescht de Biereg an den Dall
Mat Fielse wei gewalteg Risen,
Street Blummen iwwer Gaart a Wisen:
Kee Keppchen Ierd, wou Halm a Rais
Net riede vun dem eise Flaiss

An d'Voll'k a mengem Heemechtsland
Huet geint all Mensch d'Haerz op der Hand;
Seng Fraiheet deet em d'Ae blenken,
An d'Trei, dei deet seng Wierder klenken;
Seng Sprooch mat hire friemen Tein,
D'Gemittlechkeet, dei mecht se schein.

Mir hu keng schweier Laascht ze dron
Fir eise Staatswon dunn ze gon;
Keng Steire kommen ais erdrecken,
Keen Zwang de fraie Geescht erstecken;
Mir maache spuersaam eise Stot,
Kee Bierger a kee Bauer klot.

An huet dir dann de Waert erkannt
Vum klenge Letzebuerger Land,
An dir musst fort rem vun eis goen,
Da kennt dir an der Heemecht soen:
' t ass d'Greisst net grad, dei d'Gleck bedeit,
Well an deem Land si glecklech Leit!

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]