한국   대만   중국   일본 
Furerschain ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Furerschain

Vu Wikipedia
Desen Artikel geheiert zur Serie vun den Droits -Artikelen. Des Explikatioune bezeie sech am Prinzip just op dat letzebuergescht Recht. Enner Emstann goufen dei lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berecksichtegt. Et handelt sech och net em e juristesche Rot, ma em eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fall soll ee sech emmer un en Affekot wennen!
Modell vun engem Letzebuerger Furerschain

E Furerschain ass en offiziellt Dokument dat beleet, datt een d'Recht huet mat verschiddene motoriseierte Gefierer wei en Auto , Moto , Camion oder Bus op der effentlecher Strooss ze fueren. D'Ausstelle vum Furerschai ka jee no Fall a Land un en theoreeteschen an/oder praktesche Faegkeetstest, un e Mindestalter an e medezineschen Test gebonne sinn.

Fir de Furerschaintest ze maachen, gett emgangssproochlech vun ?de Furerschai maachen“ geschwat.

A gewesse Fall kann een de Furerschain ofgeholl kreien, absenns bei Versteiss geint d' Verkeiersreegelen oder nom Oflaf vum Validiteitsdatum a wann een e bestemmten Alter erreecht huet.

Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

Jiddwer Chauffer vun engem Stroossegefier muss e geltege Furerschain oder Ausbildungszertifikat a sengem Numm hu fir dat jeeweilegt Gefier mat deem en ennerwee ass. Ausname fir dei ee kee Furerschai brauch, sinn z. B. e Velo oder e Gespan dat vu Beischte gezu gett [1] .

De Furerschain ass zu Letzebuerg zanter 1903 virgeschriwwen. Den eischte Fuhrerschai gouf de 7. Januar 1907 un den deemools 43 Joer ale Joseph Glesener ausgestallt. En Ingenieur vun der Bauverwaltung war zoustanneg fir z'iwwerpreiwen ob ee faeg wier fir mat engem Gefier ze fueren [2] .

Europaesche Furerschain [ anneren | Quelltext anneren ]

Bis 1985 war de Letzebuerger Furerschain en nationale Modell aus enger Zort Pabeier op deem e. a. dei perseinlech Donneee an eng Foto vum Titulaire, d'Ennerschreft vum Transportminister (oder engem Delegeierten) an d'Kategorien drop stounge fir dei de Furerschai gelteg war.

D'Furerschainer dei zu Letzebuerg tescht dem 1. Januar 1986 an dem 30. September 1996 agestallt goufen, hunn op der eischter EU-Direktiv 80/1263/CEE baseiert [3] , ware rosa an aus engem pabeiranlechem Material. D'Dokument war 106 222 mm grouss an an drai Deeler gefaalt.

Vum 1. Oktober 1996 bis den 18. Januar 2013 war de Furerschai konform mat der Direktiv 91/439/CEE [4] : d'Dimensiounen an d'Faarf blouwen d'selwecht, et gouf just Annerunge wat d'Indikatiounen um Dokument ugaangen ass.

Zanter dem 19. Januar 2013 gett zu Letzebuerg de sougenannten ?europaesche Furerschain“ ausgestallt [5] , deen op der EU-Direktiv 2006/126/CE baseiert [6] . Et ass eng plastiks Kaart am Format vu 85,60 53,98 mm.

Furerschaiklassen [ anneren | Quelltext anneren ]

Mat der Direktiv 2006/126/CE goufen och eenheetlech Furerschaiklassen an Europa geschaaft. D'Tabell hei drenner resumeiert d'Konditioune wei se zu Letzebuerg sinn:

Furerschaiklassen zu Letzebuerg (Reiefolleg vun de Klassen, sou wei se um Furerschain drop stinn)
Klass Symbol Beschreiwung Mindestalter Konditioun begraift Bemierkungen
AM Velomoto : Gefier mat zwee oder drai Rieder (ausser engem elektresche Velo), dat mat hechstens 45 km/h fiert a mat engem elektresche Motor oder engem Verbrennungsmotor mat engem Hubraum vun hechstens 50 cm 3 ekipeiert ass. 16 Joer
A1 Liicht Motorrad mat engem Verbrennungsmotor mat engem Hubraum vun hechstens 125 cm 3 , enger maximaler Leeschtung vun 11 kW an engem Verhaltnes Leeschtung/Gewiicht vun hechstens 0,1 kW/kg;

mat enger maximaler Leeschtung vu 15 kW.

16 Joer Klass AM
A2 Motorrad mat enger maximaler Leeschtung vu 35 kW an engem Verhaltnes Leeschtung/Gewiicht vun hechstens 0,2 kW/kg an dat net vun engem Gefier mat mei wei der duebeler Motorleeschtung ofgeleet ass. 18 Joer Klassen A1, AM
A Motorrad mat oder ouni Siddekarchen :
  • mat engem Verbrennungsmotor mat engem Hubraum vu mei wei 50 cm 3 oder
  • mat engem Verbrennungsmotor mat engem Hubraum vun hechstens 50 cm 3 , deen awer mei seier wei 45 km/h fiert oder
  • mat engem elektresche Motor dee mei seier wei 45 km/h fiert.
20 Joer Zwee Joer Erfarung mat engem Motorrad vun der Klass A2 neideg Klassen A1, A2, AM
Drairiederegt Motorrad mat de selwechte Charakteristike wei d'Motorrad hei driwwer. 21 Joer
B1 Gefier mat engem eidele Gewiicht bis hechstens 550 kg Klass B1 gett et zu Letzebuerg net; fir dest Gefier ass d'Klass B neideg
B Motoriseiert Gefier mat engem mzG [7] bis 3,5 Tonnen an hechstens 8 Passageier + 1 Chauffer ; net dozou geheiere Motorrieder, Trakteren a Maschinnen dei selwer fueren. 18 Joer
  • Klassen AM, F
  • Klass A1 (Klass B muss een op d'mannst 2 Joer hunn an eng Formatioun gemaach hunn; zielt just zu Letzebuerg)
  • Veierrad
en Unhanger mat engem mzG [7] bis 750 kg daerf drugehaange ginn; mzG [7] fir Auto Unhanger daerf net mei wei 4.250 kg sinn.

Wann mzG [7] fir Auto Unhanger mei heich wei 3.500 kg ass, muss de Chauffer eng speziell Formatioun gemaach hunn dei als ?Code 96“ um Furerschain noteiert gett.

C1 Gefier fir hechstens 8 Passageier + 1 Chauffer mat engem mzG [7] iwwer 3.500 kg a bis hechstens 7.500 kg an dat net an d'Klass D1 oder D falt.

(emgangssproochlech: ?klenge Camion“)

18 Joer [8] Klass B neideg en Unhanger mat engem mzG [7] bis 750 kg daerf drugehaange ginn;

wann d'Klass C1 op Gefierer ouni Tachograph limiteiert ass, gett dat als ?Code 97“ um Furerschain noteiert.

C Gefier fir hechstens 8 Passageier + 1 Chauffer mat engem mzG [7] iwwer 3.500 kg an dat net an d'Klass D1 oder D falt.

(emgangssproochlech: ?grousse Camion“)

21 Joer [8] Klass B neideg
  • Maschinnen dei selwer fueren mat mzG [7] iwwer 12.000 kg.
  • Klassen C1, D1
en Unhanger mat engem mzG [7] bis 750 kg daerf drugehaange ginn.
D1 Bus fir hechstens 16 Passageier + 1 Chauffer an enger Langt vun hechstens 8 m. 21 Joer [8] Klass B neideg en Unhanger mat engem mzG [7] bis 750 kg daerf drugehaange ginn.
D Bus fir mei wei 8 Passageier + 1 Chauffer. 24 Joer [8] Klass B neideg Klassen C1, D1 en Unhanger mat engem mzG [7] bis 750 kg daerf drugehaange ginn.
BE Auto vun der Klass B Unhanger mat mzG [7] bis 3.500 kg. 18 Joer Klass B, C, D, C1 oder D1 neideg
C1E
  • Gefier vun der Klass C1 Unhanger mat mzG [7] iwwer 750 kg; mzG daerf am Total hechstens 12.000 kg sinn, oder
  • Auto vun der Klass B Unhanger mat mzG [7] iwwer 3.500 kg; mzG daerf am Total hechstens 12.000 kg sinn.
18 Joer [8] Klass B, C, D, C1 oder D1 neideg Klass BE
CE Gefier vun der Klass C Unhanger mat mzG [7] iwwer 750 kg. 21 Joer [8] Klass B, C, D, C1 oder D1 neideg
  • Klass DE, wann een Klass D huet
  • Klassen BE, C1E
D1E Gefier vun der Klass D1 Unhanger mat mzG [7] iwwer 750 kg. 21 Joer [8] Klass B, C, D, C1 oder D1 neideg Klass BE
DE Gefier vun der Klass D Unhanger mat mzG [7] iwwer 750 kg. 24 Joer [8] Klass B, C, D, C1 oder D1 neideg Klassen BE, D1E
F Trakter a Maschinnen dei selwer fueren mat mzG [7] bis 12.000 kg. 16 Joer [9] Klass AM et daerfen drugehaange ginn:
  • een Unhanger oder
  • een oder mei Gefierer dei geschleeft ginn
Maschinnen dei selwer fueren mat mzG [7] iwwer 12.000 kg. 18 Joer
  • maximal erlaabt Vitess: 25 km/h
  • just an direkter Emgeigend vum Schantjen

Ausnamen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • D'Membere vun der Police daerfen ? wa s'am Asaz sinn ? am Kader vun der Verkeierssecherheet e Gefier op der effentlecher Strooss reckelen, ennert der Konditioun, datt s'e Furerschai vun der Klass B hunn [10] .
  • Dei Persounen dei beim Corps grand-ducal d'incendie et de secours oder aneren unerkannten Hellefsorganisatiounen am Asaz sinn an dei e geltege Furerschai vun der Klass B hunn, daerfe bei Asatz am Grand-Duche mat engem motoriseierte Gefier ? ouni Unhanger ? fueren, dat en mzG [7] iwwer 3,5 an ennert 5 Tonnen huet a Plaz fir hechstens 8 Passageier + 1 Chauffer bitt, wa s'e spezielle Certificat vum Minister dee sech em d'Hellefsdengschter kemmert, hunn [11] .

Punktefurerschain [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu Letzebuerg gouf de Punktefurerschain den 1. November 2002 agefouert. Domat krut all Furerschain e Konto vun 12 Punkten. Bei engem schlemme Verstouss ( infraction grave ) geint d'Verkeiersreegele gi vun deem Konto tescht 2 a 6 Punkten ofgezunn. [12] Mam Entzuch vu 6 Punkte ginn z. B. Doudschlag ( Homicide involontaire ), Delit de grande vitesse , d'Fuere mat mei wei 1,2 ‰ Alkohol am Blutt, oder d'Fueren enner Droge bestrooft [13] .

Wann engem seng Punkten all fort sinn, kritt ee fir 12 Meint de Furerschain ewechgeholl. Geschitt dat, wann een en eremhuet, bannent deenen nachsten 3 Joer nach eng Keier, verleiert een en da fir 2 Joer. [14] . Warend dar Period muss de concerneierte Chauffeur eng Formatioun vu 5 Deeg beim Centre de Formation pour Conducteurs zu Colmer-Bierg maachen, wou een op d'Geforen am Verkeier sensibiliseiert gett a verantwortlecht Fuere soll leieren. [15]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Art. 74 vum Arrete grand-ducal
  2. Jacques Ganser, 115 Jahre Fuhrerschein . Wort.lu (2018-03-05). Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  3. Premiere directive 80/1263/CEE du Conseil, du 4 decembre 1980, relative a l'instauration d'un permis de conduire communautaire . eur-lex.europa.eu . Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  4. Directive 91/439/CEE du Conseil, du 29 juillet 1991, relative au permis de conduire . eur-lex.europa.eu . Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  5. Art. 6.2. vum Reglement grand-ducal du 8 decembre 2011 modifiant 1. l'arrete grand-ducal modifie du 23 novembre 1955 portant reglement de la circulation sur toutes les voies publiques (...) - Legilux . legilux.public.lu . Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  6. Directive 2006/126/CE du Parlement europeen et du Conseil du 20 decembre 2006 relative au permis de conduire (refonte) (Texte presentant de l'interet pour l'EEE) (2006-12-30). Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  7. 7,00 7,01 7,02 7,03 7,04 7,05 7,06 7,07 7,08 7,09 7,10 7,11 7,12 7,13 7,14 7,15 7,16 7,17 7,18 7,19 mzG = maximal zougeloossent Gesamtgewiicht
  8. 8,0 8,1 8,2 8,3 8,4 8,5 8,6 8,7 de Reglement grand-ducal du 2 octobre 2009 relatif aux matieres enseignees dans le cadre de la qualification initiale et de la formation continue des conducteurs de certains vehicules routiers affectes aux transports de marchandises ou de voyageurs ainsi qu'aux criteres d'agrement pour dispenser cet enseignement muss beuecht ginn
  9. Konditioune vum Artikel 73 vum Arrete grand-ducal musse beuecht gi wat dei maximal Vitess an/oder d'Gewiicht vum Gefier ugeet.
  10. Art. 74 (3) vum Arrete grand-ducal
  11. Art. 76quater vum Arrete grand-ducal
  12. "Permis a points" op tranports.public.lu (gekuckt 30.11.2021).
  13. "Le bareme des infractions"  op trnasports.public.lu (gekuckt 20.11.2021).
  14. "La suspension du permis de conduire." op transports.public.lu, gekuckt 30.11.2021.
  15. "Comment recuperer le permis apres une suspension du droit de conduire?" op transport.public.lu, gekuckt 30.11.2021.