한국   대만   중국   일본 
Evy Friedrich ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Evy Friedrich

Vu Wikipedia
Desen Artikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Evy Friedrich
Gebuertsnumm Evrard Jean Pierre Friedrich
Gebuer 30. Abrell 1910
Letzebuerg
Gestuerwen 30. Juli 1989
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Filmregisseur , Filmkritiker, Journalist

Den Evrard Jean Pierre (" Evy ") Friedrich gebuer den 30. Abrell 1910 an der Stad Letzebuerg , a gestuerwen den 30. Juli 1989 , war e letzebuergesche Journalist , Filmemecher, Editeur a Chronist.

Hien huet sech besonnesch fir de Kino intresseiert, an huet jorelaang Filmkritike publizeiert. 1947 huet hien och en eegene Kuerzfilm gedreint: Les danseurs d'Echternach , eng Docu-fiction iwwer d' Iechternacher Sprangpressioun . Dat war den eischte Letzebuergesche Film , deen zu Cannes um Filmfestival gewise gouf (Kategorie "Documentaire").

An den 1980er Joren hat hien am Letzebuerger Programm vu Radio Letzebuerg eng Chronik, Kalennerblieder genannt. Des huet hien, no eegenen Aussoen, als eng Zort Virleefer vun engem Lexikon iwwer Letzebuerg ugesinn.

A sengem Roman De franseischen Doud vum Oscar Messidor vun 2007 huet de Josy Braun him, als "Fred Evrard", e literarescht Denkmal gesat.

Hien huet nach enner follgende Pseudonymme geschriwwen: A. Bejo; C.T.; Jacques Cartier; Censor; Marcel Contin; E.F. / e.f.; Filaxen Hary; Fref; Harungo Marino; Willy Helm; Impresario; Jacques et Marcel; Camille Kraus; Kucki; Le; Rene Maupert a Wanda.

No him genannt [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Quartier Gaasperech vun der Stad Letzebuerg ass eng Strooss nom Evy Friedrich genannt: d'rue Evy Friedrich, eng Sakgass op beiden Enner, dei parallel zur Escher Strooss leeft an iwwer d' rue Leopold-Hoffmann z'erreechen ass. Den Numm krut d'Strooss duerch eng Decisioun vum Stater Schafferot vum 11. November 2014. [1]

Schreftlech Wierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Der Spiegel , 1937, 2 Bann vun 160 Saiten, Malpaartes-Verlag
  • Camping-Briefe , 1939, 76 S., Luxemburger Genossenschafts-Druckerei, Esch-Uelzecht
  • Jamboree am Wolfgangsee , 1951, 30 S., C.O.P.E.
  • Die Tage der Wende - Luxemburgische Umsiedler in Niederschlesien erleben die Tage der Befreiung durch die Rote Armee , 1951, 70 S., C.O.P.E.
  • Notiert in der Sowjetunion , 1953, 120 S., Luxembourg-U.R.S.S.
  • Der 10. Mai - Versuch einer zusammenfassenden Darstellung , 1955, 24 S., C.O.P.E
  • Als Luxemburg entvolkert werden sollte - Geschichte und Geschichten der Umsiedlung , 1969, 159 S., Bourg-Bourger
  • Zeitung in Luxemburg - chronologischer Uberblick , 1975, 31 S., Bourg-Bourger
  • Kalennerblieder , 5 Bann, 1978 - 1985, Bourg-Bourger, J.-P. Krippler-Muller
  • Editeur vun der Zaitschreft Le film luxembourgeois .

Filmer [ anneren | Quelltext anneren ]

Als Regie-Assistent [ anneren | Quelltext anneren ]

Als Regisseur [ anneren | Quelltext anneren ]

Gielercher [ anneren | Quelltext anneren ]

Quellen [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Simone Beck, 2017. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? ons stad 114, S. 55.
  2. Verleihungen von Dekorationen im Innenministerium am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1977 op der Sait 7 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 1. November 2022