De Juan Evo Morales Ayma gebuer de 26. Oktober 1959 zu Isallavi bei Orinoca am Departement Oruro a Bolivien , ass en indigene Chef vun der bolivianescher sozialistescher Partei (MAS), a vun der Beweegung fir d'Rechter vun de Cocaleros .
Hie war vum 22. Januar 2006 bis den 10. November 2019 President vu Bolivien. 2009 gouf hie mat 64% vun de Stemmen eremgewielt, an 2014 mat 61 Prozent. Am November 2019 ass hien, no wochelaange Protester geint hien a seng Regierung, zereckgetrueden.