Europaescht Parlament

Vu Wikipedia

D' Europaescht Parlament (oder Europa-Parlament) ass dei Institutioun vun der Europaescher Unioun (EU), dei an direkter a geheimer Wal demokratesch gewielt gett. Et vertrett deemno direkt dei 500 Milliounen EU-Bierger an helt Deel um legislative Prozess vun der EU: zesumme mam Conseil vun der Europaescher Unioun , an deem d'Memberstaaten duerch hir Ministere vertruede sinn, stemmt et iwwer Gesetzesvirschlei of, dei d' Europaesch Kommissioun ausgeschafft huet.

Seng Aarbechtsweis [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Membere vum Parlament, also d'Deputeiert, ginn zanter 1979 direkt vun de Bierger fir 5 Joer gewielt. President ass zanter Januar 2017 den Antonio Tajani .

Zanter de Wale vun 2014 gett et 751 Deputeiert (inkl. President). Hir Zuel pro Memberstaat hankt of vun deem senger Awunnerzuel: Vun e. a. Letzebuerg mat 6 bis hin zu Daitschland mat 96 Deputeierten.

Bis op 59 fraktiounslous Deputeiert, sinn all an enger vun dese 7 Fraktioune vertrueden:

D'Europaescht Parlament halt seng Plenarsetzungen zu Stroossbuerg , an all zousatzlech Setzungen zu Breissel . All Deputeiert ass an engem oder mei vun de 17 Kommissiounen, dei, jee no den Theemen, d'Plenarsetzung prepareieren. Si, wei och dei verschidde politesch Gruppen, hunn hir Reunioune meeschtens zu Breissel. D'Generalsekretariat vum Europaesche Parlament ass zu Letzebuerg .

Seng Pouvoiren [ anneren | Quelltext anneren ]

De Plenarsall am Europaesche Parlament zu Stroossbuerg

D'Europaescht Parlament an den Europaesche Conseil deelen d'legislativ Gewalt. Jee no Sujet gett et drai Prozeduren, no deenen des Opdeelung geschitt:

  • Fir d'eischt gett et d' Prozedur vun der Zesummenaarbecht , dei an der Europaescher Eenheetsakt 1986 agefouert gouf. Des gesait vir, datt d'Parlament seng Meenung iwwer Gesetzesprojeten ausdreckt, dei d'Kommissioun proposeiert huet, an d'Kommissioun annert doropshin hir Propose - oder och net.
  • Zweetens gett et d' Zoustemmungsprozedur , dei och 1986 agfouert gouf. Enner deser Prozedur muss d'Parlament seng Zoustemmung ginn bei internationalen Accorden, dei vun der Kommissioun ausgeschafft goufen, bei proposeierten Ausbreedunge vun der EU, a bei anere Sujeten, wei z. B. der Annerung vun de Walreegelen, fir datt des a Kraaft kennen trieden.
  • Dei drett ass d' Codecisiounsprozedur , dei duerch den Maastricht-Vertrag agefouert gouf. Enner deser Ofstemmungsprozedur huet d'Parlament geneesouvill ze soe wei de Conseil. D'Sujeten, dei enner deser Prozedur ofgestemmt musse ginn, reeche vun der fraier Zirkulatioun vun den Aarbechter, iwwer de Bannemaart, Emwelt, Bildung an Erzeiung, Kultur, Transeuropaesch Reseauen bis hin zum Konsumenteschutz. Konkreet bedeit dat, datt d'Parlament mat absolutter Majoriteit dem Conseil seng 'Gemeinsam Positioun' ka blockeieren. An deem Fall gett probeiert, virun engem Conciliatiounscomite eng Leisung ze fannen. An den Traitee vun Amsterdam an Nice gouf des Prozedur op weider 30 Gebidder ausgespreet, wat bedeit, datt d'Parlament no an no emmer mei Pouvoire kritt.

D'Parlament an de Conseil deelen och d'Responsabiliteit iwwer d'Adoptioun vum Budget vun der EU: D'Europaesch Kommissioun mecht e Budgetsprojet, deen am Parlament a Conseil debatteiert gett. D'Parlament kann de Budget rejeteieren - wat scho mei wei eemol virkoum; an deem Fall muss dei ganz Prozedur vu vir ugefaange ginn. Deemno huet d'Parlament d'Meiglechkeet, ze beaflossen, wat fir Sue woufir ausgi ginn. Allerdengs geet bal d'Hallschent vum EU-Budget un d'Landwirtschaft, an iwwer dei Depensen huet d'Parlament naischt ze soen.

Schliisslech huet d'Parlament d'Kontroll iwwer d'Kommissioun: D'Kommissioun muss d'Vertraue vum Parlament hunn, eier s'iwwerhaapt ufanke ka mat schaffen, a mat enger Zweedrettel-Majoriteit kann d'Parlament s'och erem freizaiteg entloossen. D'Parlament kontrolleiert weiderhin, op d'Kommissioun hir Aarbecht gutt mecht, andeems et d'Rapporte vum Europaesche Rechnungshaff examineiert, an et kann der Kommissioun, wei och dem Conseil, mendlech oder schreftlech Froe stellen.

Seng Presidenten [ anneren | Quelltext anneren ]

Presidente vum Europaparlament (direkt gewielt) vun 1979 bis haut [ anneren | Quelltext anneren ]

Legislatur Period Numm Grupp Land
1. 1979 - 1982 Simone Veil LDR Frankraich
1982 - 1984 Piet Dankert Sozialist Holland
2. 1984 - 1987 Pierre Pflimlin UDF / RPR Frankraich
1987 - 1989 Lord Plumb EVP-ED Groussbritannien
3. 1989 - 1992 Enrique Baron Crespo Sozialist Spuenien
1992 - 1994 Egon Klepsch EVP-ED Daitschland
4. 1994 - 1997 Klaus Hansch PSE Daitschland
1997 - 1999 Jose Maria Gil Robles EVP-ED Spuenien
5. 1999 - 2002 Nicole Fontaine EVP-ED Frankraich
2002 - 2004 Pat Cox ELDR Irland
6. 2004 - 2007 Josep Borrell Fontelles PSE Spuenien
2007 - 2009 Hans-Gert Pottering EVP-ED Daitschland
7. 2009 - 2012 Jerzy Buzek EVP-EP Polen
2012 - 2014 Martin Schulz ESP Daitschland
8. 2014 - 2016 Martin Schulz ESP Daitschland
2017 - 2019 Antonio Tajani EVP Italien
9. 2019 - 2021 David Sassoli ESP Italien
2021 -

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]


Commons: European Parliament ? Biller, Videoen oder Audiodateien