Ernst Wilhelm Leberecht Tempel
|
---|
|
Gebuer
|
4. Dezember
1821
|
---|
Gestuerwen
|
16. Maerz
1889
Arcetri
|
---|
Nationaliteit
|
Kinnekraich Sachsen
|
---|
Aktiviteit
|
Astronom
, Asteroidenentdecker
|
---|
Member vun
|
Accademia Nazionale dei Lincei
|
---|
|
Den
Ernst Wilhelm Leberecht Tempel
gebuer de
4. Dezember
1821
zu
Niedercunnersdorf
a
Sachsen
a gestuerwen de
16. Maerz
1889
zu
Arcetri
an
Italien
, war en daitschen
Astronom
a
Lithograph
. Hien huet enner anerem 5
Asteroiden
an 12
Komeiten
entdeckt.
Den Tempel huet 1837 zu
Meissen
d'Handwierk vum Lithograph geleiert. Vun 1840 un, huet hie sech fir e puer Joer op Wanderschaft gemaach, dei hien enner anerem an d'Stied
Kopenhagen
,
Stockholm
a Christiana (haut
Oslo
) gefouert huet.
Am Joer 1858 huet hie sech zu
Venedeg
als fraischaffende Lithograph niddergelooss an och bestuet. Seng Lithographien an Zeechnunge ware weinst hirer Prezisioun gefrot. Den Tempel huet fir
Botaniker
an aner
Naturwessenschaftler
geschafft.
Zanter senger Schoulzait huet den Tempel sech fir d'
Astronomie
intresseiert, an 1858 huet hie sech e veierzellege
Refrakter
kaaft. Mat deem fir haiteg Verhaltnesser bescheidenen Instrument huet hien am Joer 1859 e
Komeit
an e
Reflexiounsniwwel
an de
Plejaden
(kuckt Bild) entdeckt.
Well den Tempel keng akadeemesch Ausbildung an och keen Diplom hat, gouf hien als
Amateurastronom
ugesinn a krut an Daitschland keng Ustellung an och d'Nummrecht fir dei vun him entdeckt Himmelskierpere krut hien net. Weinst senge Leeschtunge gouf hien am Joer 1860 op de keeserlechen
Observatoire
vu
Marseille
geruff, a krut domat och de Privileeg fir Objeten en Numm ze ginn. Duerno huet hien nach 5
Asteroiden
an 12 Komeiten, enner anerem de Komeit
Tempel-Tuttle
entdeckt.
Nom Ausbroch vum
Franseisch-Preisesche Krich
am Joer
1870
huet hien d'Land misse verloossen an ass zereck an Italie gaangen. Am Joer 1875 huet hien d'Leedung vum neien Observatoire vun
Arcetri
, sudlech vu
Florenz
iwwerholl. Den do installeierte Refrakter war mat enger Effnung vun 283 mm an enger
Brennwait
vu 5.370 mm de greissten Teleskop vun Italien. Mat deem Instrument huet hien niwweleg Objeten ennersicht. Am Joer 1885 koum zu
Prag
seng Publikatioun
Iwwer Niwwel
eraus.
Fir seng Leeschtungen op dem Gebitt vun der Astronomie gouf den Tempel dacks ausgezeechent. Zu sengem Undenke gouf e 40 km grousse
Moundkrater
, an den Asteroid
(3808) Tempel
no him genannt. E puer vun him entdeckt Komeiten hu sain Numm, enner anerem de Komeit
Tempel 1
, deen 2005 d'Zil vun der NASA-Missioun
Deep Impact
war.
- 1898 ? Moundkrater
Tempel
(Entdecker:
Johann Nepomuk Krieger
)
- 1971 ? A senger Heemechtsuertschaft Niedercunnersdorf ass e Monument opgeriicht ginn
- 1988 ? Planetoid
(3808) Tempel
(Entdecker:
Freimuth Borngen
)
- 1990 ?
Wilhelm-Tempel-Schoul
zu Niedercunnersdorf
- 2. Abrell 1859 ? C/1859
- 23. Oktober 1860 ? C/1860 (1860 IV)
- 9. Oktober 1863 ? C/1863 (1863 IV)
- 4. Juli 1864 ? C/1864 (1864 II)
- 22. Maerz 1868 ? 1868 I
- 11. Oktober 1869 ? C/1869 (1869 II)
- 29. Mee 1870 ? C/1870 (1870 I, mam
Friedrich August Theodor Winnecke
)
- 14. Juni 1871 ? C/1871 (1871 II)
- 3. November 1871 ? C/1871 (1871 IV)
Portal Astronomie