Den
Enceladus
ass ee vun de grousse
Mounde
vum
Planeit
Saturn
.
Den Enceladus (oder Saturn II) ass den
28. August
1789
vum
Wilhelm Herschel
entdeckt ginn.
De Mound krut den Numm vum
Gigant
Encelados aus der
griichescher Mythologie
. Den Numm "Enceladus" an dei vu weidere siwe Saturnmounde si vum Wilhelm Herschel sengem Jong, dem
Astronom
John Herschel
, an enger Vereffentechung vun
1847
,
Results of Astronomical Observations made at the Cape of Good Hope
, virgeschloe ginn.
Den Enceladus emkreest de Saturn an engem duerchschnettlechen Ofstand vun 238.020 km an 32 Stonnen an 53 Minutten. D'Bunn weist eng
Exzentriziteit
vun 0,0045 op an ass 0,02° geint den
Equator
vum Saturn geneigt.
Den Enceladus ass e bessen onreegelmeisseg geformt. Op senger Uewerflach konnte verschidden Terrainen ausgemaach ginn. Nieft Aschlagkratere sinn och Glaichten, souwei Brech a Verwerfunge ze gesinn.
En Deel vu senger Uewerflach schengt mat engem geschaten Alter vun 100 Millioune Jore relativ jonk ze sinn. Dat bedeit datt den Enceladus geologesch aktiv ass. Dorop weist och d'Tatsaach hin datt d'Uewerflach mat rengem Waasserais bedeckt ass, dat 99% vum Sonneliicht reflekteiert. Dat ass deen hechste Prozentsaz vun engem Himmelskierper am
Sonnesystem
. D'Ursaach keint
Kryovulkanismus
(kale Vulkanismus) sinn, bei deem Waasser aus dem Bannenzege vum Mound austrett a sech iwwer d'Uewerflach verdeelt. Et ass dee klengste bekannte Kierper am Sonnesystem deen eng geologesch Aktiviteit vun dar Zort huet.
Den Enceladus ass vill ze kleng fir datt
radioaktiven
Zerfall zu enger nennenswerter Erwiermung bannen am Mound feiere keint. En emkreest de Saturn an enger 2:1
Resonanz
mat dem Mound
Dione
, grad sou wei d'Mounden
Io
an
Europa
de
Jupiter
emkreesen, wouduerch
Gezaitekrafte
wierksam ginn, dei Reiwunge bannen am Mound bewierken, dee sech doduerch ophetzt. Allerdengs geet dee Mechanissem net duer fir genuch Waermt fir Verflessegung vum Waasserais ze produzeieren. Am Kar vum Enceladus schengt et cheemesch Stoffer ze ginn dei de Schmelzpunkt vum Ais erofsetzen.
Et si Resser, Glaichten an Deformatiounen an der Kuuscht z'erkennen, dei dorop schleisse loossen datt de Kar vum Mound zurzait flesseg ass, obwuel e freier gefruer war.
Weinst der heijer Reflektioun vum Sonneliicht sinn um Enceladus Temperature vun enner -200° Celsius. Iwwerraschenderweis ass um Sudpol vum Mound eng Zon vu lokaler Erwiermung. D'Ursaach vun dar Hetztquell ass onbekannt. An dar Regioun ass d'Uewerflach vu parallele Straifen duerchzunn, dei aus Splecke bestinn an deenen e blozegt Ais duerchliicht. D'Emgeigend erennert un eng zaitweileg erstarrte Mass. Et ka sinn datt enner der Uewerflach sech d'Ais a
Konvektiounsstreim
beweegt an domat eng kryovulkanesch Aktiviteit ausleist. Dee Prozess erennert a sengen Effekten un d'Plackentektonik op der Aerd, respektiv un anlech Aktiviteiten um Jupitermound Europa.
Den Enceladus roteiert an 32 Stonnen an 53 Minutten em dei eegen Achs. E weist domat, wei den Erdmound, eng sougenannte
gebonne Rotatioun
op. D'Rotatiounsachs steet am Senkel zu der Emlafbunn.
Fontainen aus Eiskristaller, dei vum Mound opsteigen, versuergen anscheinend den E-Rank vum Saturn mat neiem Material. Well d'Rankmaterial sech net mei laang wei e puer dausend Joer op der Bunn hale kann, suergt dei geologesch Aktiviteit vum Mound fir Ravitaillement. D'Fontaine schenge mat de Straifen um Sudpol zesummenzehanken
Den Enceladus huet eng
visuell Magnitude
vun 11,8
m
. Fir en z'observeiere brauch een e groussen
Teleskop
.
Erfuerschung duerch d'Sond Cassini-Huygens
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
D'Raumsond
Cassini-Huygens
huet de Mound op hire Flich laanscht den Enceladus de
17. Februar
a
9. Maerz
2005
ennersicht. Dobai ass d'Sond an engem Ofstand vun nemme 500 km laanscht de Mound geflunn an huet dobai e
Magneitfeld
an eng denn Waasserdamp-Atmospar entdeckt. Well d'
Gravitatioun
vum Enceladus ze schwaach ass fir d'Gase laang ze halen, deit dat op eng dauerhaft Quell um Mound selwer hin. D'Gase kennen entweeder vun der Uewerflach oder vu banne vum Mound stamen. Domat ass den Enceladus, nieft dem
Titan
deen zweete Mound vum Saturn deen eng Atmosphar huet. Weider Date vun der Cassini-Missioun hunn awer erginn datt d'Enceladus-Atmosphar nemmen op d'Sudpolregioun beschrankt ass.
De
14. Juli
2005
si vun der Raumsond Cassini, dei de Mound an engem Ofstand vun nemmen 175 km iwwerflunn huet, e sellegen Aisbatz an der Greisst vun engem Eefamilljenhaus observeiert ginn, vun deenen een net genee weess wou se hierkommen. Well dei Aisstecker am Beraich vum Straifemuster um Sudpol sinn, besteet mat grousser Warscheinlechkeet en Zesummenhank.
Den
9. Maerz
2006
huet d'
NASA
matgedeelt, datt Opname vum Cassini flessegt Waasser an der Sudpolregioun unhuele loossen. Et keint a Kummere sinn, dei meiglecherweis nemmen e puer Meter ennerder Uewerflach leien a geif, anlech wei e
Geysir
un d'Uewerflach ausbriechen. Och d'Existenz vu
Mikroorganismen
gett elo net mei komplett ausgeschloss.