한국   대만   중국   일본 
Emile Frantz ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Emile Frantz

Vu Wikipedia
Emile Frantz
Gebuer 19. Mee 1910
Villerupt
Gestuerwen 22. Mee 1996
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Ringer

Den Emile Frantz , gebuer den 19. Mee 1910 zu Villerupt a gestuerwen den 22. Mee 1996 zu Esch-Uelzecht , war e letzebuergesche Ringer an Olympionik . [1]

Hien huet Letzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam vertrueden. [2]

Zweete Weltkrich [ anneren | Quelltext anneren ]

Hie gouf den 9. September 1942 vun den Nazie verhaft a koum an d' KZ Natzweiler-Struthof . Do war hien de Prisoneier mat der Nummer 2224 bis hien de 5. September 1944 an d'KZ op Dachau koum wou hien de Prisoneier mat der Nummer 111072 war. [1]

Zu Natzweiler huet den Emile Frantz Frendschaft mam Osmund Faremo vun der norwegescher Resistenzorganisatioun Milorg geschloss. [1]

Am Buch ' Takk for livet. Emil ,' (op letzebuergesch: Merci fir mai Liewen, Emil) dat den Osmund Faremo 1997 publizeiert huet, beschreift hie wei den Emile Frantz him e puermol zu Natzweiler gehollef huet z'iwwerliewen. [1]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Den Emile Frantz op der Websait vu sports-reference.com
  2. Den Emile Frantz op der Websait vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'