한국   대만   중국   일본 
Elmer Bernstein ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Elmer Bernstein

Vu Wikipedia
Elmer Bernstein
Gebuer 4. Abrell 1922
New York
Gestuerwen 18. August 2004
Ojai
Doudesursaach Kriibs
Nationaliteit USA
Educatioun Juilliard School,
New York University
Aktiviteit Komponist , Dirigent, Musekspedagog, Moler, Schauspiller , Enseignant, Pianist , Danzer, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Discographesche Kenschtler

Den Elmer Bernstein , gebuer de 4. Abrell 1922 zu New York a gestuerwen den 18. August 2004 zu Ojai a Kalifornien war een US-amerikanesche Filmmusekkomponist.

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Elmer Bernstein huet als Komponist vu Radio -Programmer an Dokumentarfilmer ugefaangen. 1950 ass hien op Hollywood gaangen an huet do Filmmusek geschriwwen.

Am Ganzen huet hien iwwer 200 Stecker geschriwwen. Seng bekanntst Kompositioun dierft d'Titelmelodie vum Western The Magnificent Seven sinn, dei e. a. och jorelaang an Zigarettereklamme aus den 1970er Joren agesat gouf, fir de Western-Mythos z'ennermolen.

Hie gouf 14-mol fir den Oscar nomineiert. Hie krut dei Belounung awer nemmen eng Keier, dat war 1967 fir de Musical Thoroughly Modern Millie .

Mat engem Concert an der Londoner Royal Albert Hall huet en de 14. August 2001 seng 50 Joer als Filmmusekkomponist gefeiert.

Hie war net Famill mam Leonard Bernstein .

Wierker (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]