한국   대만   중국   일본 
Eleanor Helin ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Eleanor Helin

Vu Wikipedia
Eleanor Helin
Gebuertsnumm Eleanor Key Francis
Gebuer 19. November 1932
Pasadena
Gestuerwen 25. Januar 2009
Nationaliteit USA
Aktiviteit Astronom

D' Eleanor Francis "Glo" Helin , gebuer den 19. November 1932 a gestuerwen de 25. Januar 2009 , [1] war eng US-amerikanesch Astronomin . Si huet vill Asteroiden a Komeiten entdeckt. [2]

D'Eleanor Helin huet fir d' Near Earth Asteroid Tracking ( NEAT ) geschafft, e Programm vun der NASA am Jet Propulsion Laboratory .

Bei hirer Aarbecht goufe vun hir selwer oder enner hirer Leedung iwwer 800 Asteroiden entdeckt. Dorenner och dei zwein eischt Aten-Asteroiden , den (2062) Aten an (2100) Ra-Shalom , souwei d' Apollo-Asteroiden (4660) Nereus , (4769) Castalia enner anerem, an e Koup Amor-Asteroiden . Zousatzlech sinn dei drai Trojaner , dovun den (3240) Laocoon an (9969) Braille ze nennen.

D'Eleanor Helin huet, eleng oder an Zesummenaarbecht, e puer Komeiten entdeckt, enner hinnen 111P/Helin-Roman-Crockett , 117P/Helin-Roman-Alu , 132P/Helin-Roman-Alu , 151P/Helin an 152P/Helin-Lawrence .

Hir gett och d'Zereckentdeckung vum Asteroid (4015) Wilson-Harrington a vum Komeit 107P/Wilson-Harrington ugerechent.

Den Asteroid Glo ass no hir benannt an zwar mat hirem Spetznumm Glo .

A verschiddene Quelle gett si och Eleanor Kay Helin genannt.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. MPML
  2. Minor Planet Discoverers