Den
Egon Karl-Heinz Bahr
, gebuer den
18. Maerz
1922
zu
Treffurt
a gestuerwen den
20. August
2015
, war en
daitschen
SPD
-Politiker.
Als enke Vertraute vum
Willy Brandt
huet en deem seng Kommunikatioun zu West-
Berlin
teschent
1960
an
1966
geleet. An deem Joer ass hir Zesummenaarbecht am Buro vum Ausseministere weidergaangen.
1969 ass e mam Brandt an d'Kanzleramt gaangen, a gouf no de Walen
1972
Bundesminister fur besondere Aufgaben
. Hie war de Virdenker vum Brandt senger
Ostpolitik
an eng aflossraich Stemm bei de Verhandlunge vu verschiddenen Traitee mat der
Sowjetunioun
, der
DDR
a
Polen
, dei als "Politik vun de klenge Schrack" d'Situatioun entspanen an Ost a West nees mei no beienee brenge sollten.
De Bahr huet d'Regierung nom Brandt senger Demissioun am Mee
1974
verlooss, ma ass am Juli vum selwechte Joer als
Bundesminister fur wirtschaftliche Zusammenarbeit
enner dem
Helmut Schmidt
zereck an eng Regierung komm. Hien ass awer mam Schmidt ni richteg waarm ginn. De Bahr huet sai Ministerposten no de Walen
1976
verlooss, fir duerno nach fennef Joer SPD-Bundesgeschaftsfuhrer a bis
1990
Deputeierten am
Bundestag
ze sinn.