D'Kapell vu Sude gesinn
D'
Eenelter Kapell
ass eng Kapell op der Gewan vun der freierer Uertschaft
Eenelter
bei
Recken
an der
Gemeng Miersch
, dei dem
helllegen Donatus
an dem
hellegen Theobald
geweit ass.
Si gouf den 2. Abrell 2021
als nationaalt Monument klasseiert
.
[1]
Zirka 70 m vun der Kraizung vum
CR105C
(rue Principale) mat der
N8
(route d'Arlon) zu Recken feiert en zirka 1,1 km laange Wee bausse vun der Uertschaft bis bei d'Eenelter Kapell. D'Kapell lait op enger Heicht vun 263 m, zirka 40 m mei heich wei d'Uertschaft.
D'Kapell gouf warscheinlech schonn a freichreschtlecher Zait gebaut. 1039 huet e
Klausener
, den Hellegen
Theobald vu Provins
, op Eenelter gelieft. D'Eenelter Kapell gouf
1180
fir d'eischt an engem Dokument ernimmt an hat deemools schonn d'Maartrecht; den
Eenelter Maart
(um 15. September) ass deemno ee vun den eelste
Maert
zu
Letzebuerg
.
1751 gouf eng nei Kapell ageweit. 1799 gouf enner der
Franseischer Revolutioun
de Mobiliar versteet, d'Kapell war zu deem Zaitpunkt scho verfall. De 5. Mee 1802 gouf op Ufro vum Prefekt a vum deemolge Mierscher
Maire-adjoint
Simon Neuens de Maart op
Miersch
verluecht.
[3]
,
[4]
1897 gouf eng nei Kapell gebaut, dei dem hellegen Donatus an hellegen Theobald geweit gouf.
1997 gouf se fir d'lescht restaureiert.
Zanter 2008 gett den Eenelter Maart, nees vum Deschtennisclub
DT Recken/Miersch
als Konschthandwierksmaart am Duerfzentrum vu Recken organiseiert.
[5]
- ↑
Institut national pour le patrimoine architectural:
Liste des immeubles et objets beneficiant d'une protection nationale
.
(Lescht Versioun vum 28. Mee 2024).
- ↑
"Eenelter Kapelle"
op mersch.lu.
- ↑
Informatiounstafel virun der Kapell
- ↑
Luxemburgensia Biographie vum Generol Neuens
- ↑
"Eenelter Maart"
mywort.lu, 30.08.2012