Den
Edward Sapir
, gebuer de
26. Januar
1884
zu
Lauenberg
a
Pommern
, dat ass haut
Lebork
a
Polen
, a gestuerwen de
4. Februar
1939
zu
New Haven
,
Connecticut
, war een
US-amerikaneschen
Anthropolog
a
Linguist
.
Seng Mammesprooch war
Jiddesch
, ereischt speider huet hien
Daitsch
geleiert. Als Zweetsprooch huet e mat 7 oder 8 Joer
Hebraesch
geleiert, wei e mat sengem Papp dat
Aalt Testament
iwwersat huet. Nom Alter vu 5 Joer hat hie praktesch nemmen nach Englesch em sech.
Fir d'eischt huet en daitsch
Philologie
op der
Columbia University
studeiert, dunn huet e gewiesselt an ass bei de
Franz Boas
Anthropologie
leiere gaange mat Spezialiseierung op
Linguistik
. Vun
1910
bis
1925
huet en den anthropologeschen Deel vun der
Canadian Geological Survey
geleet. Als Professer fir Anthropologie fanne mir hien an der Universiteit vu
Chicago
bis
1931
an duerno an der Universiteit vu
Yale
.
1939
ass de Sapir no e puer Haerzinfarkten am Alter vu 55 Joer gestuerwen.
Eng komplett Bibliographie ass an der Rena Darnell hirer Sapir-Biographie S. 457-473
David. G. Mandelbaum (Erausg.):
Edward Sapir. Selected Writings in Language, Culture, and Personality
University of California Press, 1949,
ISBN 0-520-05594-2
Regna Darnell:
Edward Sapir: Linguist, Anthropologist, Humanist
, University of California Press, 1990.