Edward G. Robinson
|
---|
|
Gebuertsnumm
|
Emanuel Goldenberg
|
---|
Gebuer
|
12. Dezember
1893
Bukarest
|
---|
Gestuerwen
|
26. Januar
1973
Hollywood
|
---|
Doudesursaach
|
Blosekriibs
|
---|
Nationaliteit
|
Rumanien,
USA
|
---|
Educatioun
|
City College of New York,
American Academy of Dramatic Arts
|
---|
Aktiviteit
|
Filmschauspiller, Konschtsammler, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
|
---|
Partei
|
Democratic Party
|
---|
|
Den
Edward G. Robinson
, gebuer als
Emanuel Goldenberg
den
12. Dezember
1893
zu
Bukarest
a gestuerwen de
26. Januar
1973
zu
Los Angeles
, war en
US-amerikanesche
Schauspiller
vu
rumanesch
-
jiddeschen
Originnen.
Wei den Emmanuel 10 Joer hat, ass e mat senger Famill op
New York
emigreiert. Schonn am Lycee huet hie gar Theater gespillt.
De Robinson krut eng Bourse fir op d'
American Academy of Dramatic Arts
an hat 1913 sain eischten Optrett enner sengem Kenschtlernumm
Edward G. Robinson
. Hien huet 14 Joer laang um Broadway gespillt an hat 1923 seng eischt Roll an engem Film,
The Bright Shawl
.
Seng bekanntst Roll war dei vum
Gangster
Rico Bandello
am Film
Little Caesar
vun 1930. Duerno huet hien emmer nees Gangsteren (wei z. B. a
Key Largo
) oder soss Brigange gespillt, ma och biographesch Rollen, an a psychologeschen Dramen. Speider hunn och Kameidisfilmer zu sengem Repertoire gezielt.
Warend dem Zweete Weltkrich huet hie sech staark als Antifaschist engageiert, wat em an de Joren duerno Problemer gemaach huet, well en ewell, an der
McCarthy-Zait
als
Kommunist
verdachtegt gouf an e puer Joer laang keng Filmrolle mei ugebuede krut.
Hien ass e puer Deeg, nodeems
Soylent Green
faerdeg gedreint war, wouran e seng lescht Roll hat, gestuerwen. Nach dat selwecht Joer krut hie
posthum
en
Oscar
fir sai Liewenswierk.
(ouni Teleesserien; mat Roll)