Den
Eduard Schonfeld
, gebuer den
22. Dezember
1828
zu
Hildburghausen
, a gestuerwen den
1. Mee
1891
zu
Bonn
, war en
daitschen
Astronom
. Hie gett dacks am Zesummenhank mat dem Wierk vun der "
Bonner Duerchmusterung
" als Assistent vum
F. W. Argelander
genannt.
Den Eduard Schonfeld gouf an enger
jiddescher
Famill gebuer. Vun
1834
bis
1838
goung hien an d'Biergerschoul zu Hildburghausen an duerno bis
1843
an d'israelitesch Reliounsschoul. Du koum en op d'
humanistescht
Gymnasium
Hildburghausen.
Am Maerz
1847
huet e sain
Abitur
bestanen an de
24. Juli
ass hien zu
Kassel
dem
evangeelesche Glawe
baigetrueden. Vun
1848
bis
1849
studeiert hie
Bauwiesen
op der
Polytechnescher Schoul
zu
Hannover
. Hie gouf
1849
vun der Schoul verwisen, huet awer weider
Polytechnik
un der heijer Gewerbeschoul zu Kassel studeiert. Duerno huet hien e Studium op der
Universiteit Marburg
ugefaangen:
Physik
,
Chimie
,
Mineralogie
, dann
Astronomie
beim
Christian Ludwig Gerling
. Den
29. November
mecht hien dei eischt effentlech Observatioun am
Marburger
Observatoire
: Entdeckung vum
Star
Gamma Arietis
. Duerno iwwersetzt en d'
Theoria motus corporum coelestium
vum
Carl Friedrich Gauß
an d'
Mechanique celeste
vum
Pierre-Simon Laplace
.
1851
reest hien op
Bonn
bei de
Friedrich Wilhelm August Argelander
. Den
23. Abrell
1852
huet hien en Astronomiestudium beim Argelander ugefaangen a schafft mat un der nerdlecher Bonner Duerchmusterung bis zu der Faerdegstellung am Joer
1868
.
1853
gouf hien Assistent beim Argelander. Den
9. August
1854
promoveiert hien zu Bonn zum
Dr. phil.
an de
6. August
1857
follegt d'
Habilitatioun
.
1859
gett hien am Oktober Professer an Direkter vum
Mannheimer Observatoire
.
1860
bestit hie sech den
12. Juni
mat der
Helene Noeggerath
an de
6. Juli
1861
gett seng Duechter
Amalie
gebuer.
1862
kennt seng Publikatioun
Iwwer d'
Niwwelflecken
eraus an den
2. Maerz
1863
ass d'Gebuert vu sengem Jong
Fritz
. De
15. September
1864
ass d'Gebuert vu senger zweeter Duechter
Anna
souwei d'Publikatioun
Iwwer dei donkel
Fixstar
-Begleeder
.
1866
kennt de Katalog mat de verannerleche Stare mat Aschloss vun neie Staren 1. Deel an
1874
den 2. Deel eraus.
1875
gouf hie Professer an Direkter vum Observatoire Bonn. Ufank vun der sudlecher Duerchmusterung.
Nekrolog
op den Argelander. Sekretar a Virstandsmember vun der Astronomescher Gesellschaft.
1881
erfollegt den Ofschloss vun der sudlecher Duerchmusterung.
1886
kennt et zur Publikatioun vun der
Bonner Duerchmusterung, sudlechen Deel
.
Den
20. Februar
1887
gouf hien zum Korr. Member vun der
Preisescher Akademie vun de Wessenschafte
gewielt.
1887
an
1888
war hie
Rekter
vun der
Universiteit Bonn
.
Dem Eduard Schonfeld ass den
Asteroid
(5926) Schonfeld
gewidmet. E Krater op der aerdofgewandter Sait vum
Aerdmound
dreit och sain Numm.
- Uber die Nebelflecke
,
1862
- Uber die veranderlichen Sterne
,
1863
- Katalog der veranderlichen Sterne mit Einschluß der neuen Sterne
, 1. Teil: 1866, 2. Teil:
1874
- Bonner Durchmusterung, sudlicher Teil
,
1886
Portal Astronomie