한국   대만   중국   일본 
Editpress ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Editpress

Vu Wikipedia
Editpress
Typ Aktiegesellschaft
Grennungsdatum 1913
Setz Esch Uelzecht
Leedung Jacques Eischen
Mataarbechter 381
Produit Tageblatt, Le Quotidien, Revue, L'essentiel
Homepage editpress.lu

Editpress Luxembourg ass e letzebuergescht Verlagshaus mat Dreckerei zu Esch-Uelzecht ., dat 1981 aus der, den 3. Dezember 1927 gegrenntener, Luxemburger Genossenschaftsdruckerei (Imprimerie Cooperative) entstanen ass.

D'Editpress gett zwou Dageszeitungen eraus, d' Tageblatt an de Quotidien (desen an Joint Venture mam Republicain Lorrain ). Den 10. Oktober 2007 koum L'essentiel dobai, eng gratis verdeelt Dageszeitung (an Zesummenaarbecht mat der Schwaizer Tamedia).

Weiderhi publizeiert Editpress d'Wochenzaitschreft Revue .

Bis 2015 huet Editpress d' Lux-Post , e gratist Annonceblat (zesumme mam belsche Groupe Rossel ) erausbruecht, a bis 2019 och d'Wochenzeitung Le Jeudi . Ausserdeem war Editpress bis Enn 2019 um Radiosender Eldoradio bedeelegt. [1]

E groussen Deel vum Kapital vun der Editpress geheiert de Gewerkschaften OGB-L a Landesverband .

Am Juni 2020 huet Editpress sai Gebai an der Escher Kanalstrooss, wou e. a. d' Tageblatt seng Redaktioun dran huet, enger belscher Immobiliegrupp verkaaft. D'Fassad vum 1936-38 gebaute Gebai, mat engem Heichrelief vum Albert Kratzenberg , souwei Deeler bannenan, solle beim Embau a Wunnegen a Geschaftsraim erhale bleiwen. Den neie Setz ass am Belval Plaza . [2]

Generaldirekteren [ anneren | Quelltext anneren ]

Zuelen [ anneren | Quelltext anneren ]

2018 huet Editpress hire Bilan mat enger Perte vun 1,12 Milliounen Euro ofgeschloss. De Grupp konnt dat Joer seng Scholden, dei sech an de Jore virdrun ugeheeft haten, em ronn zwou Milliounen Euro op alles an allem 15,8 Millioune reduzeieren. [3]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Bernard Thomas: "Groupe Editpress - La Chute de la maison Sold." in: d'Letzebuerger Land Nr.25, 21. Juni 2019, S.10.

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. "CLT-Ufa ubernimmt Eldoradio zu 100 Prozent." op wort.lu, 25.11.2019.
  2. bt: "Le Tageblatt quitte Esch.". d'Letzebuerger Land Nr.34, 21. August 2020, S.4.
  3. "Rout Zuele fir Editpress." 100komma7.lu, 20. Aug 2019 - 11:00.