D'
Eartha Mae Kitt
, gebuer de
17. Januar
1927
als
Eartha Mae Keith
zu
North
, a gestuerwen de
25. Dezember
2008
zu
New York City
, war eng
US-amerikanesch
Schauspillerin
an
Jazz
-Sangerin.
Si huet fir Theater, Film an Televisioun gespillt. An iwwer 30 Filmer huet se matgespillt. Bekannt war se beim breede Publikum an den 1960er Jore fir hir Roll als
Catwoman
an der Teleesserie
Batman
. Als Sangerin hat se mat
Santa Baby
, engem Chreschtdagslidd, 1952 en Hit, aner Succese waren
Let's Do It
,,
Just an Old Fashioned Girl
,
Monotonous
,
Love for Sale
,
I'd Rather Be Burned as a Witch
,
Uska Dara
,
Mink, Schmink
an
Under the Bridges of Paris
.
1968 huet si bei enger Invitatioun am
Waissen Haus
d'Fra vum amerikanesche President
Lyndon B. Johnson
, d'
Lady Bird Johnson
, mat kritesche Commentairen iwwer de
Vietnamkrich
un d'Kraische bruecht, wat als Bruskeierung ugesi gouf an als Konsequenz hat, datt se 10 Joer laang keen Engagement mei an den USA krut. Si huet dei Zait an Europa gelieft.
An den 1980er an 1990er Joren ass si e. a. a
Musicalen
a
Cabareten
opgetrueden.