Dunkerque

Vu Wikipedia
Dunkerque
D'Stadhaus, Rigodon an der Fuesent, de Memorial vun der Operatioun Dynamo, d'Statu vum Jean Bart, de Containerquai am Mierhafen, d'Arrivée bei de Quatre jours de Dunkerque 2010 an d'Plage vu Malo-les-Bains.

D'Stadhaus, Rigodon an der Fuesent,
de Memorial vun der Operatioun Dynamo ,
d'Statu vum Jean Bart ,
de Containerquai am Mierhafen,
d'Arrivee bei de Quatre jours de Dunkerque 2010
an d'Plage vu Malo-les-Bains .
D'Stadhaus, Rigodon an der Fuesent,
de Memorial vun der Operatioun Dynamo ,
d'Statu vum Jean Bart ,
de Containerquai am Mierhafen,
d'Arrivee bei de Quatre jours de Dunkerque 2010
an d'Plage vu Malo-les-Bains .
Land Frankraich
Regioun Hauts-de-France
Departement Nord
Arrondissement Dunkerque
Kanton Dunkerque-1
Dunkerque-2
Grande-Synthe
Postcode 59140, 59240,
59430, 59640, 59279
Gemengecode 59183
Koordinaten 51° 02’ 18’’ N
      02° 22’ 39’’ O
Flach   4 389 ha
Bevelkerung   89.882 (1. Januar 2013)

Dunkerque ass eng franseisch Stad a Gemeng, Sous-prefecture vum Departement Nord . Mat 89.882 Awunner (1. Januar 2013) ass Dunkerque dei fenneftgreisst Stad an der Regioun Hauts-de-France . Se lait am Zentrum vun der Communaute urbaine de Dunkerque Grand Littoral , an dar 17 Gemengen zesummegeschloss sinn, a woura ronn 200.000 Leit liewen. Dunkerque ass ausserdeem dei nerdlechst Stad a Frankraich, just 10 km vun der belscher Grenz ewech

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Geschicht vun Dunkerque ass enk mam Nordmier verbonnen. Et gouf virun iwwer dausend Joer als Fescherduerf, op enger Sandbank, gegrennt. Nodeems eng Kapell do opgeriicht gouf, krut et sain hollanneschen Numm: Duinkerk - "Dune-Kierch". Warend senger Geschicht huet Dunkerque zu der Grofschaft Flandern , dem Kinnekraich Spuenien , dem engleschen a franseische Kinnekraich geheiert. De 25. Juni 1658 huet d'Stad draimol hir Nationaliteit gewiesselt. Nodeems de 27. Oktober 1662 de Louis XIV. et vum englesche Kinnek Charles II. ofkaaft hat, gouf Dunkerque definitiv franseisch. De Vauban huet et dann och huerteg zu enger imposanter Festungsstad ausgebaut. Zu dar Zait huet och de bekannte Korsar Jean Bart do gelieft. Warend der Franseischer Revolutioun krut d'Stad den Numm Dune libre . Am Eischte Weltkrich gouf Dunkerque a sain Hafen uerg vun daitscher Sait bombardeiert. Am Ufank vum Zweete Weltkrich , koum et do zu der Operatioun Dynamo an der Belagerung vun Dunkerque .

De Carnaval de Dunkerque ass iwwer d'Stad eraus bekannt, en zitt sech bal 2 Meint laang duerch d' Fueszait .

Verkeier [ anneren | Quelltext anneren ]

Schefffaart [ anneren | Quelltext anneren ]

De Mierhafen ( Grand port maritime de Dunkerque ) ass deen drettgreisste vu Frankraich an och dee greissten Employeur. Eng jett Industrien hu sech do neiergelooss, wei Arcelor Mittal , Air liquide , Europipe oder petrocheemesch Installatiounen.

Iwwer den Hafe vu Dunkerque huet d'Bannescheffaart Uschloss un de franseischen a belsche Kanalsytem . Net manner wei fennef Scheffskanal hunn oder haten do am Laf vun der Zait, hiren Ufank. Dat sinn:

Stoossen- an Eisebunnsreseauen an der Geigend

Autosverkeier [ anneren | Quelltext anneren ]

Dunkerque lait no bei zwou Autobunnen, der A25 vu Bergues op Lille , an der A16/ E40 vu L'Isle-Adam op d'belsch Grenz. Et lait och um Trajet vun der freierer N1 (haut: D601 am Departement Nord), der N225 (dei d'A16 mat der A25 verbennt) an der ex-N353 (zenter 2005: D625).

Eisebunn [ anneren | Quelltext anneren ]

D' Gare vun Dunkerque huet eng direkt TGV -Verbindung mat der Gare Paris-Nord . Mat der TERGV kennt een op d' Gare Lille-Europe , dei e. a. en Eurostar -Uschloss fir op London oder Breissel huet, an TGV-Verbindungen op Bordeaux , Lyon oder Marseille . 20-mol den Dag huet een och eng Verbindung mat der Gare Lille-Flandres . Weider Verbindunge gett et mat Calais an Arras ( via Hazebrouck ).

D'Gare vun Dunkerque ass, mat engem Trafic vu ronn 12 Milliounen Tonnen d'Joer, dei greisst Marchanise-Gare vu Frankraich.

Kuckeswaertes [ anneren | Quelltext anneren ]

360°-Panorama vun Dunkerque.

Kuckt och [ Quelltext anneren ]


Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Dunkerque ? Biller, Videoen oder Audiodateien