|
Dese
Konschtartikel
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
Den
Duilio Donzelli
, gebuer den
29. Juni
1882
zu
Fossombrone
a gestuerwen den
9. Januar
1966
zu
Valence
an der
Drome
, war en italieenesche Sculpteur a Moler. Hien ass de Papp vum Sculpteur
Dante Donzelli
.
Den Duilio Donzelli staamt vu
Cattolica
op der
Adria
an
Italien
.
[1]
Sain Diplom als Kenschtler huet hien op der
Konschtheichschoul
zu
Urbino
absolveiert
[2]
.
1912 ass den Duilio Donzelli mat senger Famill op
Esch-Uelzecht
emigreiert
, wou en als Schmelzaarbechter bei der
ARBED
schaffe goung. Well en op enger Nuetsschicht ageschlof war, gouf en dem Direkter
Emile Mayrisch
virgefouert, deen drop koum, datt den Donzelli diplomeiert wier a mole keint, an huet hie prompt als Professer fir Molerei a Skulptur an d'
Escher Industrieschoul
geholl
[3]
,
[4]
. Donieft huet den Duilio Donzelli un den Dekore vun Haiser zu Esch an an der Stad Letzebuerg geschafft. Hie krut den Optrag vun der ARBED fir d'Fassad vun hirem
neie Siege
ze sculpteieren. Den Duilio Donzelli hat sain Atelier an der Kanalstrooss zu Esch-Uelzecht.
[5]
Den Duilio Donzelli war politesch engageiert fir d'Lieweskonditioune vu sengen italieenesche Matbierger ze verbesseren a stoung virop beim Protestmarsch vum
1. Mee
1924. Hie krut du virgehait, hie wier e gewalttatege
Kommunist
, soudatt hien aus der Schoul entlooss a mat senger Famill aus Letzebuerg erausgeheit gouf.
[6]
Hien huet sech zu
Lacroix-sur-Meuse
a
Loutrengen
niddergelooss, wou hie kenschtleresch aktiv gouf, virun allem bei der Restaureierung vu Monumenter a Gebaier, dei am
Eischte Weltkrich
beschiedegt gi waren.
Sai Projet vun engem Monument fir dei Gefalen Zaldoten 1914-1918 gouf vun der Gemeng Lacroix-sur-Meuse ugeholl an am Joer 1929 vum Armeiminister
Andre Maginot
ageweit. Duerch d'Qualiteit an d'Renommee vun desem Wierk krut hie vun do u vill Optreeg vun de Gemengen aus der Emgeigend.
Den
Zweete Weltkrich
huet desem Schafen en Enn gemaach. Den Donzelli ass 1940 zesumme mat senger Famill an dei franseisch
Frai Zon
op
Saint-Marcel-les-Valence
geplennert, wou se bis 1945 bliwwe sinn. Do huet hie zesumme mat sengem Jong Dante vill Wierker geschaf.
Nom Zweete Weltkrich huet d'Famill Donzellli sech zu
Saint-Mihiel
neiergelooss, wou den Dante Donzelli speider sain Atelier fir Skulptur a Molerei bis an den 1990er Jore bedriwwen an eng Konschtmolereischoul gegrennt huet, dei vun der Stad iwwerholl gouf.
-
-
Schortgen-Monument um Teitenger Kierfecht
-
La grande fontaine, Lacroix-sur-Meuse
-
Graf um Escher Jousefskerfecht vum Duilio an Dante Donzelli
- Moia, Nelly, 1988. Les mascarons eschois et leurs auteurs.
Tageblatt
10 novembre 1988.
- Moia, Nelly, 1995. Mascarons de Luxembourg. Esch-sur-Alzette, Polyprint. (
Buch online liesen
)
- Michel, Fabien (dit Baron), 2009. Hommage aux Donzelli, pere et fils. Point.com, journal d'informations de Saint-Marcel-les-Valence - Septembre/Octobre 2009 - n°47: 8.
- Bernard-Marie Despesse, 2015. Duilio Donzelli artiste pintre et sculpteur a Valence, etudes dromoises, n.64.
- ↑
En Deel vun den Informatioune stame vun desem Kapitel op der franseischer Wikipedia:
http://fr.wikipedia.org/wiki/Lacroix-sur-Meuse#Duilio_Donzelli
- ↑
Accademia di Belle Arti d'Urbino.
- ↑
Cf. Michel 2009 an der Literatur.
- ↑
D'Escher Industrieschoul ass haut den
Escher Jongelycee
.
- ↑
Cf. Moia 1995: 199 an der Literatur.
- ↑
Speider soll hien op Letzebuerg zereckgeruff gi sinn, ma hien hatt mat Stolz gesot: "Nee Merci, eemol erausgehait ginn geet mir duer". Cf. Moia 1995: 199-200 an der Literatur.