한국   대만   중국   일본 
Draifaltegkeet ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Draifaltegkeet

Vu Wikipedia

Gott presenteiert sech nom Verstandnis vum Chreschtentum als Draifaltegkeet ( Triniteit ), respektiv Draieenegkeet. Dat heescht, den eenzege Gott - dei eng gettlech Natur (et ass emmer nach eng monotheistesch Relioun) - besteet aus drai verschiddene "Persounen":

  • Gott Papp, de Schopfer vun Himmel an Aerd;
  • Gott Sohn, de gettleche Logos , dee sech a Jesus Christus inkarneiert huet;
  • Gott hellege Geescht , deen an der Welt wierkt.

Vun deser Konzeptioun steet naischt explizit an der Bibel , awer schonn an der Urkierch setzt sech de Glawen un d'Draifaltegkeet duerch, och wann d'Spekulatiounen iwwer de "geneeen interne Funktionnement" vun deser zu vill Streidereie gefouert hunn.

Klassesche Schema vun der Draifaltegkeet

Problematesch ass besonnesch d'Ried vun den drai "Persounen". Eist haitegt Versteesdemech vu Persounen ass vun Individualiteit an Autonomie markeiert. An desem Senn wier ee Gott an drai Persounen net ee Gott, ma drai Getter (Tritheismus). Fir deser Gefor aus dem Wee ze goen, hunn aner Theologe proposeiert, net mei vun drai Persounen ze schwatzen, ma vun drai "Seinsweisen" oder "Subsistenzweisen". Des Theologe kruten anerersaits Modalismus virgeworf: Si geife Gott verstoen als just eng Persoun, dei sech emol am Modus vum Papp, emol am Modus vum Jong, an eng aner Keier am Modus vum hellege Geescht geif manifesteieren. De Strait tescht der modalistescher an der tritheistescher Tendenz waert wuel ni geleist ginn. Vlaicht sollt ee sech zereckbesennen op d'Aussointentioun vun deser Leier: Gott ass keng einsam Monade , ma a sech Bezeiung. Dofir ass Bezeiung gettlech, an och de Mensch, deen als Ofbild vu Gott gesi gett, ass Bezeiung a soll Bezeiung sinn.

Den Islam refuseiert d'Konzeptioun vum draifaltege Gott.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Draifaltegkeet ? Biller, Videoen oder Audiodateien