한국   대만   중국   일본 
Fort Thungen ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Fort Thungen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Drai Eechelen )
Fort Thungen
Land Letzebuerg
Gemeng Letzebuerg
Koordinaten 49°36'59"N, 6°8'20"O
Datum vum Bau 1733
Genannt no Adam Sigmund von Thungen
De Fort Thungen mat sengen drai Eechelen

De Fort Thungen , am Volleksmond weinst der apaarter Dekoratioun vu sengen Tierm ? Drai Eechele “ genannt, war e Fort vun der Festung Letzebuerg , deen zum baussenzege Festungsrank geheiert huet. D'Iwwerreschter vum Fort leien am haitege Quartier Kierchbierg vun der Stad Letzebuerg .

D'Festung hat am Joer 1867 aacht detacheiert Wierker an de Fort Thungen ass dat eenzegt, vun deem nach grouss Deeler bestoe bliwwe sinn. Iwwerdeems en Deel vun den Heichstrukturen 1867 beim Schleefe vun der Festung zersteiert gouf, ass dei ganz ennerierdesch Konstruktioun bal komplett erhale ginn. Vum Fort sinn nemmen d'Agangstierm an d'Grondmaueren, dei 1991 nees fraigeluecht goufe, erhale bliwwen.

De Ravelin ass deelweis zersteiert ginn, fir dorop de Musee d'Art Moderne Grand-Duc Jean ze bauen.

Lag vum Fort [ anneren | Quelltext anneren ]

De Fort Thungen louch nord-nord-estlech vum Stadzentrum a war ? nieft dem Fort Olizy an dem Fort Parkhohe ? dat drett detacheiert Wierk vun der Grengewalder Front . De Fort louch 925 m Loftlinn vum Stadkar ewech. No lenks, bis bei de Fort Olizy waren et 300 m an no riets, bei de Fort Parkhohe 435 m. De Fort Thungen louch op enger Heicht vun 324 m iwwer dem Mieresspigel a war domat eng vun den hechste Plaze vun der Festung.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei eischt Deeler vum Fort (deen deemools nach net Fort Thungen housch) stamen aus dem Joer 1688 . Op Initiativ vum Vauban war d'Grengwalder Front mat machtege Befestegungen ausstaffeiert ginn, engersaits de Fort Obergrunewald a anersaits de Fort Niederegrunewald . Dat eent war en Hornwierk , dat anert e Krounwierk . Dei zwei Baute waren duerch den Dall vun der Hiel ? duerch deen zur Zait vun de Reimer de strategesch wichtege Kiem vun Arel op Treier gelaf ass ? vunenee getrennt. Virum Fort Obergrunewald, op der Plaz, wou d'Eistraicher mei speit de Fort Thungen gebaut hunn, hat de Vauban d' Redoute du Parc , mat de bannenzegen Dimensioune vu 7 × 7 m opriichte gelooss. D'Redoute louch um Plateau a war warscheinlech als virgelagerten Observatiounstuerm fir de Fort Obergrunewald geduecht.

Den eigentleche Bau vum Fort Thungen staamt aus dem Joer 1732 , wei d'Eistraicher decideiert haten, de Verdeedegungssystem vun der Festung ze verstaerken. Den deemolege Bau gouf ennert der Leedung vum eistraichesche Festungsingenieur Simon de Bauffe geleet. De Fort gouf dunn nom eistraichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thungen genannt.

1836 / 1837 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng drai ronn Tierm mat den Drai Eechelen . Zousatzlech Aarbechte gouf et an de Joren 1859 / 1860 ; d'Aarbechte vun de Preise goufe vun den Ingenieure Meyer, Schrader a Frolich geleet

D'Haaptfunktioun vum Fort Thungen war ? fir zesumme mam Fort Parkhohe ? den Zougang op de Plateau an an d'Duerf Kirchbierg ze verdeedegen an ze verhenneren, datt de Feind duerch den Dall an de Pafendall keim.

Um Kierchbierg erennert haut nach eng Strooss un de Fort: d' Rue du Fort Thungen .

Beschreiwung vum Fort Thungen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Iwwerreschter vum Fort Thungen bestinn aus engem groussen Haaptreduit , enger Enveloppe , zwou Lunetten an de Reschter vun engem klenge Reduit.

Den Acces an de Fort war engersaits iwwer e geschutzte Wee vum Fort Obergrunewald aus an anerersaits duerch eng 169 m laang Kasematt , dei am mettelsten Tuerm, op der henneschter Sait vum Gebai erauskomm, meiglech.

Am Haaptreduit waren eng ganz Retsch kasematteiert Raim an et konnt aus 20 bis 23 Luken oder Scharte geschoss ginn. Wann neideg, konnt de Reduit als Krichskasar awer och eng Garnisoun ophuelen. Fir des Zort vu Konstruktioun war de Reduit vum Fort Thungen dei wichtegst vun der ganzer Festung. De Reduit war 96 m deif an hat eng geschate Flach vun 953,35 m². Dei ganz Struktur hat just ee Stack a war staark verminnt. Just an den Tierm vun der Gorge war aus Verdeedegungsgrenn en eischte Stack, op deen ee mat enger Wendeltrap eropkoum. Iwwer dei Trap koum en och op d'Plattform wou verschidde Kanounen opgestallt konnte ginn.

Virum Reduit war eng Enveloppe, also e Bauwierk dat aus zwou Saiten an zwou Flanke besteet an de Reduit schutzt. Beid Flanke vun der Enveloppe hate Kasematten an eng Abberzuel Scharten a Luken. Ronderem dat ganzt Wierk ass e breeden an deiwe Gruef gelaf. Dei zwou Lunette vum Fort, dei baussent dem Gruef louchen, waren engersaits dofir do fir d'Flanke vun der Enveloppe ze beschutzen an anerersaits fir de Gruef selwer ze verdeedegen.

Wat de Minnesystem vun der Festung ugeet, sou kann ee soen datt et den ausgedeensten an interessantste vun der ganzer Festung war. Ob et de Reduit, d'Enveloppe, oder d'Baussent vum Fort war, iwwerall gouf et eng beandrockend Zuel vu Galerien, dei all do eraus koumen, wou d'Polvercharge an d'Kanoune geluede goufen ( Minnenuewen ). Am Ganze gouf et am Fort Thungen 33 Galerie mat 71 Minneniewen.

De Fort Thungen war domat de Grondstee fir e mei breede Vereedegungssystem, zu deem d'Forten Obergrunewald, Niedergruewald, Olizy a Parkhohe geheiert hunn. Obergrunewald an Niedergruewald si beim Schleefe vun der Festung an de Joren 1870-1876 bal komplett verschwonnen, sou datt haut nach just d'Fellementer an e puer Kasematten erhale sinn.

Musee Drai Eechelen [ anneren | Quelltext anneren ]

No Restauratiounsaarbechten ass de Musee Drai Eechelen , Forteresse, Histoire, Identites. 2012 am Fort Thungen installeiert ginn. De Musee ass eng Annexe vum Nationalmusee fir Archeologie, Geschicht a Konscht a steet ennert der Leedung vum Conservateur delegue a la direction Francois Reinert .

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Musee Drai Eechelen - forteresse, histoire, identites .

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Fort Thungen ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller [ anneren | Quelltext anneren ]

Wierker vun der Festung Letzebuerg
wei se 1867 bestoungen

Grengewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort Berlaimont ? Batterie Chanclos ? Bastioun 3 Dauwen ? Gouvernements-Bastioun ? Bastioun vum Schlass ? Batterie Altmunster
Baussenzeg Wierker: Fort Niedergrunewald ? Fort Obergrunewald ? Batterie Weimeschhaff ? Malakoff-Tuerm ? Hielepaart
Detacheiert Wierker: Fort Olizy ? Fort Thungen ? Fort Parkhohe

Treierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-Befestegungen ? Batterie Altmunster ? Helleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-Befestegungen ? Redoute Beaumont
Detacheiert Wierker: Fort Parkhohe ? Fort Dumoulin ? Fort Rubamprez ? Fort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht Zitadell ? Bastioun Louis ? Bastioun Beck ? Bastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort Verluerekascht ? Eisebunnsbatterie ? Fort Wallis ? Fort Bourbon ? Diddenuewener Avancee ? Fort Elisabeth ? Fort Peter
Detacheiert Wierker: Fort Neipperg ? Fort Wedell ? Fort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker: Bastioun Jost ? Bastioun Camus ? Bastioun Marie ? Neipaart-Befestegungen ? Bastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort Peter ? Batterie Lambert ? Fort Lambert ? Fort Louvigny ? Fort Vauban ? Fort Marie ? Fort Royal ? Lunetten I - VI
Detacheiert Wierker: Fort Rheinsheim ? Fort Daun ? Fort Charles ? Redoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brecken
Biisserpaart ? Denselspaart/Treierer Paart ? Diddenuewener Paart ? Drai Tierm ? Eecher Paart ? Juddepaart ? Mansfeldspaart ? Nei Paart ? Hondshaus ? Richenerpaart ? Seilerpaart ? Siichepaart ? Spuenesch Paart ? Stierchen ? Weimeschhaffer Paart
Gronn-Schleis ? Bourbon-Schleis ? Beinchen