D'
Gironde
ass e
franseischt
Departement an der Regioun
Nei-Aquitaine
. Et lait am Sudweste vum Land op der
Atlantikkust
a grenzt am Suden un den
Departement Landes
, am Sudosten un den
Departement Lot-et-Garonne
, am Osten un den
Departement Dordogne
an am Norden un den
Departement Charente-Maritime
. Mat enger Flach vu bal 10.000
km²
ass d'Gironde veiermol sou grouss wei
Letzebuerg
an dat greisst Departement a Kontinentalfrankraich. Nemmen d'
Guyane
, e franseischen Territoire a Sudamerika, ass mei grouss.
Den Numm vum Departement kennt vun der
Gironde
, dem Estuaire dee vun de Fless
Garonne
an der
Dordogne
no hirem Zesummefloss gebilt gett.
D'Prefektur vum Departement ass
Bordeaux
. Dei renommeiert Waigeigend em Bordeaux lait also an der Gironde. D'Gironde ass och bekannt fir d'Plage vun der Cote d'argent, dei all Joer vill Visiteuren a besonnesch
Surfer
unzeien. D'
Dune du Pilat
am
Bassin d'Arcachon
ass dei greisst Sanddun an Europa.
D'Gironde ass ee vun den originalen 83 Departementer, dei 1790 warend der
franseischer Revolutioun
gegrennt goufen. Et ass aus de freiere Provenze
Guyenne
a
Gascogne
ervirgaangen. Tescht 1793 a 1795 hat d'Departement den Numm "departement du Bec-d'Ambes", fir d'Verwiesslung mat der Beweegung vun de
Girondins
ze vermeiden.
-
-
-
-
D'Dune du Pilat
-
-
D'Place de la Bourse zu
Bordeaux
-
De Liichttuerm Le Verdon