한국   대만   중국   일본 
Departement Eure ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Departement Eure

Vu Wikipedia
Eure (27)
Regioun Normandie
Prefecture Evreux
Ennerprefecture Les Andelys
Bernay
Bevelkerung 541 054 Aw. (1999)
Flach 6 040 km²
Arrondissementer 4
Kantonen 43
Gemengen 419

D' Eure ( 27 ) ass e franseischt Departement, dat sain Numm vum Floss Eure hierhuet. Et geheiert zur Regioun Normandie

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Departement Eure ass eent vun den 83 Departementer dei warend der Franseischer Revolutioun de 4. Maerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrennt goufen. Et gouf zesummegesat aus engem Deel vun der Provenz Normandie .

Geographie [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Eure geheiert zu Regioun Haute-Normandie, a grenzt un d'Departementer Oise , Val-d'Oise , Yvelines , Eure-et-Loir , Orne a Calvados .

Se besteet haaptsachlech aus Plateauen dei vun den Daller vun der Seine an hiren Nieweflesss duerchschnidde ginn.

D'Landschaft ass duerch landwirtschaftlech Aktiviteite markeiert, et gett vill Heckelandschaften dei sougenannt Bocages , an ass dat Departement an der Haute-Normandie mat de meeschte Bescher.

Dei greisst natierlech Geigende sinn d' Campagne de Saint-Andre , de Pays d'Ouche , d'Bescher em Lyons-la-Foret , de Roumois an de Lieuvin . Bekannt ass och nach de Marais Vernier am Parc naturel regional des Boucles de la Seine normande .

D'Departement lait op enger Heicht vun 0 Meter, do wou d' Seine an d' Mier leeft, bis 248 Meter, dei hechst Plaz am Pays d'Ouche.

Dei greisst Floss am Departement ass d' Seine mat den Niewefless Epte Andelle , Eure , Avre , Iton , Risle a Charentonne .

Landwirtschaft [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Landwirtschaft ass e groussen ekonomesche Facteur an der Eure. 3 850 km², dat si ronn 63 % Prozent vum Departement, si vu landwirtschaftleche Flache bedeckt. Op deene meeschte gi Fruucht an aner Kare gezillt, an eng ronn 740 km² bestinn aus Laangzaitkulturen, wei Bongerten oder Bamschoulen .

Brecken [ anneren | Quelltext anneren ]

Op der Grenz mat dem Departement Seine-Maritime steet d' Breck vun Tancarville eng vun de greisste Brecken a Frankraich

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Cities and villages in Eure ? Biller, Videoen oder Audiodateien