|
Dese
Geographiesartikel
iwwer
Frankraich
ass ereischt eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
D'
Aisne
ass eent vun den 83
franseischen
Departementer dei
1790
gegrennt goufen. Den Departement gouf aus Territoire vun der
Ile-de-France
an der
Picardie
zesummegestallt.
Den Departement kann a veier grouss Geigenden opgedeelt ginn:
- Am Nordwesten de
Vermandois
, lait am Norde vum
Paraisser Baseng
tescht der
Picardie
an der Thierache. Et ass d'topographesch Schwell tescht dem Paraisser Baseng dem
Hainaut
an de
Flandern
. Den Ennergrond vum Buedem besteet aus
Kraidformatiounen
iwwer deene
Leemschichte
leien. Et ass eng Geigend an dar
Weess
an
Zockerrommelen
intensiv ugebaut ginn.
- Am Norden d'
Thierache
e
Glacis
dee vun enger Heicht vun 250 Meter an dei Grouss Flossdaller vun der
Sambre
am Westen a vun der
Serre
am Suden offalt, a vun der
Oise
an hiren Niewefless duechschnidde gett. Landwirtschaftlech gett Veizuucht a Mellechwirtschaft bedriwwen. Als Industrie gett et e puer Metallveraarbechtungsbetriber an Textilatelieren zu
Fourmies
,
Hirson
an zu
Anor
- Am Zentrum de
Laonnois
, d'Geigend em
Laon
mat leemege Biedem am Norde wou Weess, Zockerommelen a Fudderplanzen ugebaut ginn.
- Am Suden de
Soissonnais
um lenksen Uwanner vun der Oise, eng Geigend duerch dei vun Osten no Westen d'
Aisne
leeft. Et si grouss landwirtschaftlech Flachen haaptsachlech mat Wess a Rommelsubau dei vun de Flossdaller vun der
Ailette
an der
Vesle
duerchschnidde ginn an an deenen haaptsachlech Wisen a Gemeiskulture sinn.