한국   대만   중국   일본 
David Woodard ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

David Woodard

Vu Wikipedia
David Woodard
Gebuer 6. Abrell 1964
Santa Barbara
Nationaliteit USA , Kanada
Educatioun University of California,
San Marcos High School
Aktiviteit Komponist , Dirigent, Schreftsteller

Den David Woodard ( Toundokument /?w?d?ːrd/ ? / i ), gebuer de 6. Abrell 1964 zu Santa Barbara a Kalifornien , ass en amerikaneschen Dirigent a Schreftsteller . Warend den 1990er Joren huet hien den Term prequiem an d'Welt gesat, e Portmanteau aus "preemptive" an "requiem", fir seng buddhistesch Praktiken ze beschreiwen, Musek ze komponeieren, dei warend oder kuerz virum Doud vu sengem Sujet opgefeiert gett. [1] [2]

Zu de Gedenkfeieren zu Los Angeles, bei deenen den Woodard als Dirigent oder musikaleschen Direkter aktiv war, geheiert eng am Joer 2001 bei der Angels Flight Seelbunn ofgehalen Zeremonie zu Eiere vum verongleckte Leon Praport a senger blesseierter Wittfra Lola. [3] [4] De Woodard huet Requieme Fir well Deiere geleet, enner anerem fir e kalifornesche Brongpelikan, um Strand, wou d'Deier erofgefall war. [5] Hien ass bekannt dofir, am leifste faarweg Tent bei der Virbereedung vun enger Partitur ze benotzen. [6]

Dem Woodard seng Replicke vun der Dreamachine , enger liicht psychoaktiver Luucht, sinn a Konschtmuseeen op der ganzer Welt ausgestallt ginn. Zu senge Baitrag a Literaturzaitschreften, wei Der Freund, [7] geheiere Schreften iwwer Karma teschent verschiddene Spezies, d'Bewosstsi vu Planzen an d'Siidlung Nueva Germania am Paraguay . [8]

Educatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

De Woodard ass privat, op der New School for Social Research an op der University of California vu Santa Barbara ennerriicht ginn.

Nueva Germania [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Joer 2003 gouf de Woodard als Schaffe vum Staatsrot vun Juniper Hills (Los Angeles County), Kalifornien, gewielt. A senger Funktioun huet hien e Jumelage vun der Staat mat Nueva Germania am Paraguay virgeschloen. Fir sai Plang emzesetzen, ass de Woodard an dei freier vegetaresch/feministesch Utopie gereest an huet sech do mat hirem Staatsrot getraff. No engem eischte Besuch, bei deem hien op eng Bevelkerung "a moraleschem an intellektuellem Reckgang" getraff ass, [9] huet hien decideiert, d'Bezeiung net weider ze verfollegen, ma hien huet awer an der Communauteit en Objet fir Studien a fir speider Schrefte fonnt. Virun allem interesseieren hien dei proto-transhumanistesch Iddie vum spekulativen Entwerfer Richard Wagner an der Elisabeth Forster-Nietzsche, dei zesumme mat hirem Mann Bernhard Forster dei sougenannt Kolonie teschent 1886 an 1889 gegrennt huet an do gelieft huet. [10] [11]

De Woodard an de Burroughs mat der Dreamachine, circa 1997.

Am Joer 2004 huet de Woodard d'Chouerhymn "Our Jungle Holy Land" komponeiert, dei nohalteg Aspekter vun den Idealer vun der Grennung vun Nueva Germania opgraift. [12] [13]

Vun 2004 bis 2006 huet de Woodard eng ganz Rei erfollegraich Expeditiounen op Nueva Germania geleet a krut vum deemolegen U.S.-Vizepresident Dick Cheney Ennerstetzung. [14] Am Joer 2011 huet de Woodard dem Schwaizer Schreftsteller Christian Kracht d'Lizenz geneemegt, fir Deeler aus hirer privater Korrespondenz, dei greisstendeels Nueva Germania betreffen, [15] [16] ennert dem Wehrhahn Verlag vun der Universiteit Hannover, ze publizeieren. [17] Iwwer d'Korrespondenz schreift d'FAZ: "[D'Auteuren] laschen d'Grenz teschent Liewen a Konscht." [18] Der Spiegel postuleiert, dass Five Years [19] "dei spirituell Viraarbecht" fir dem Kracht sai speidere Roman Imperium wier. [20]

Den Andrew McCann huet uginn, datt de Woodard sech op "eng Rees dohinner, wat vun dar Plaz iwwreg bliwwen ass, wou d'Nokomme vun den eischte Siidler enner drastesch reduzeierte Bedingunge liewen" gemaach huet an datt hie gefillt huet, missen "de kulturelle Profil vun enger Communauteit ze ferderen an e Miniatur Bayreuth Opernhaus op dar Plaz opzeriichten, wou freier der Elisabeth Forster-Nietzsche hire Familljesetz war." [21] An de leschte Joren huet sech Nueava Germania zu enger mei frendlecher Destinatioun weiderentweckelt, mat enger Pensioun an engem historesche Musee.

Dreamachine [ anneren | Quelltext anneren ]

Vun 1989 bis 2007 huet de Woodard Replicke vun der Dreamachine gebaut, ee vum Brion Gysin an Ian Sommerville kreeierte stroboskopeschen Apparat mat engem ugeschlitzten Zylinder aus Koffer oder Pobeier, deen eng elektresch Luucht op enger motoriseierter Basis aus Cocobolo- oder Pinienholz emkreest. [22] [23] De Woodard huet behaapt, datt d'Maschinn, wann ee se mat zouenen Aen ukuckt, mental Zoustann ausleise geif, dei mat Rausch- oder Dramzoustann verglaichbar wieren. [24] [25]

De Woodard huet zougestemmt, fir dei am Joer 1996 am Los Angeles Country Museum of Art ausgestallt visuell Retrospektiv Ports of Entry [26] [27] vum William S. Burroughs, eng Dreamachine zur Verfugung ze stellen. De Woodard huet sech mam eeleren Auteur ugefrennt an him eng Dreamaschine aus Pobeier a Pinienholz "beimesche Modell" fir sain 83. [28] [29] an och leschte Gebuertsdag geschenkt. D'Auktiounshaus Sotheby's huet am Joer 2002 dei eischt Maschinn un e private Sammler versteet an dei zweet Maschinn ass als dauerhafte Loun aus dem Burroughs sengem Ierwen un den Spencer Museum of Arts zu Lawrence, Kansas , weidergereecht ginn. [30] An enger kritescher Studie aus dem Joer 2019 reevalueiert de Beat-Fuerscher Raj Chandarlapaty dem Woodard sain "Iddie-briechenden" Usaz fir dei bal vergiessen Dreamachine. [31]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: David Woodard ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: David Woodard ? Zitater

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Carpenter, S., "In Concert at a Killer's Death" , Los Angeles Times, 9. Mee 2001. (en)
  2. Rapping, A., Portrait vum Woodard ( Seattle : Getty Images, 2001).
  3. Reich, K., "Family to Sue City, Firms Over Angels Flight Death" , Los Angeles Times, 16. Maerz 2001. (en)
  4. Dawson, J., Los Angeles' Angels Flight (Mount Pleasant, SC : Arcadia, 2008), S. 125 . (en)
  5. Den Woodard huet de Requiem fir de Peelikan mat enger Zaang dirigeiert, amplaz vun engem Dirigentestaf.
  6. Kracht, C., & Nickel, E., Gebrauchsanweisung fur Kathmandu und Nepal: Uberarbeitete Neuausgabe ( Munchen : Piper, 2012), S. 173 . (de)
  7. Schmit, E. , "Five years?and it’s not over" , d'Letzebuerger Land , 30. September 2011, S. 23. (de)
  8. Carozzi, I., "La storia di Nueva Germania" , Il Post, 13. Oktober 2011. (it)
  9. Tenaglia, F., Momus?A Walking Interview ( Turin / Mailand : Noch, 2015), S. 39?40 . (en)
  10. Kober, H., "In, um und um Germanistan herum" , Die Tageszeitung, 18. Mee 2006. (de)
  11. Lichtmesz, M., "Nietzsche und Wagner im Dschungel: David Woodard & Christian Kracht in Nueva Germania", Zwielicht 2, 2007, S. 28?31 . (de)
  12. Scheidemandel, N., "Der Traum in der Maschine" , Der Freund, N°1, September 2004, S. 41?50. (de)
  13. Horzon, R., The White Book (Berlin: Suhrkamp, 2021), Kap. 21. (en)
  14. Epstein, J., "Rebuilding a Home in the Jungle" , San Francisco Chronicle, 13. Maerz 2005. (en)
  15. Strotgen, J., "Mails von Nerd zu Nerd", Tageblatt , n°206, 2. September 2011, S. 24. (de)
  16. Boehles, D., Bibliographie courante de la litterature luxembourgeoise, 24e annee ( Letzebuerg : CNL , 2012).
  17. Woodard, "In Media Res" , 032c, Summer 2011, S. 180?189. (en)
  18. Link, M., "Wie der Gin zum Tonic" , Frankfurter Allgemeine Zeitung, 9. November 2011, S. 32. (de)
  19. Conter, C. D. , & J. Birgfeld, Hrsg., Five Years ( Hannover : Wehrhahn, 2011).
  20. Diez, G., "Die Methode Kracht" , Der Spiegel, 13. Februar 2012, S. 102. (de)
  21. McCann, A. L., "Allegory and the German (Half) Century" , Sydney Review of Books, 28. August 2015. (en)
  22. Allen, M., "Decor by Timothy Leary" , The New York Times , 20. Januar 2005. (en)
  23. Stirt, J. A., "Brion Gysin's Dreamachine?still legal, but not for long" , bookofjoe.com, 28. Januar 2005. (en)
  24. Woodard, Programm Notizen , Program, Berlin, November 2006. (en)
  25. Am Joer 1990 huet de Woodard eng psychotechnographesch Maschinn erfonnt, de Feraliminal Lycanthropizer, dar hir Wierkung anscheinend genee de Geigendeel vun dar vun der Dreamachine soll sinn.
  26. Knight, C., "The Art of Randomness" , Los Angeles Times, 1. August 1996. (en)
  27. Bolles, D., "Dream Weaver" , LA Weekly, 26. Juli?1. August 1996. (en)
  28. U.S. Ambassade Prag, "Literarni ve?er s diskusi" , Oktober 2014. (cs)
  29. Woodard, "Burroughs und der Steinbock" , Schweizer Monat, Maerz 2014, S. 23. (de)
  30. Spencer Museum of Art, Dreamachine , University of Kansas. (en)
  31. Chandarlapaty, R., "Woodard and Renewed Intellectual Possibilities", Seeing the Beat Generation (Jefferson, NC : McFarland & Company, 2019), S. 98?101 . (en)