Dario Moreno

Vu Wikipedia
Dario Moreno
Gebuer 3. Abrell 1921
Izmir
Gestuerwen 1. Dezember 1968
Istanbul
Doudesursaach Haerzschlag
Nationaliteit Tierkei
Aktiviteit Sanger , Pianist , Komponist , Filmschauspiller, Schauspiller

Den Dario Moreno , gebuer den 3. Abrell 1921 als "Davi Arugete" zu Mezarlikbasi no bei Izmir an der Tierkei , gestuerwen den 1. Dezember 1968 zu Istanbul , war en tierkesche Pop-Sanger a Filmschauspiller.

Den Dario Moreno

Dem Dario Moreno sai Papp war vun tierkesch-jiddeschen Originnen a seng Mamm staamt aus Mexiko . Wei den Davi e puer Meint al war, ass sai Papp gestuerwen a seng Mamm ass mat him an hiert Heemechtsland gaangen.

No engem Droitstudium huet den Davi eng Zait an enger Affekotenetud geschafft. Ma niewelaanscht ass hien hot an har bei Fester opgetrueden an huet do Lidder zum Beschte ginn. A wei dat sou geet, huet en amerikanesche Plakkeproduzent hien "entdeckt". Du goung et op den Tour mat enger Tournee an de Vereenegte Staaten an eng an Europa .

Den eigentleche Succes koum a Frankraich , wou hie grouss erauskoum. No an no koumen och Filmer dobai. De Mockelege mam Schnurres, deen emmer gudder Deng war, gouf emmer mei bekannt. Hien huet a ville Sprooche gesongen an ass am Dezember 1968 an d'Tierkei gefuer fir Promotioun fir seng Placken op Tierkesch ze maachen. Do ass den Dario Moreno un engem Schlag gestuerwen.

No sengem Doud huet seng Mamm sech entscheet, fir hien an Israel begruewen ze loossen.

Seng greisst Succesen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Istanbul (1954)
  • Si tu vas a Rio (1958)
  • Tout l'amour (1959)
  • Brigitte Bardot (1961)

Seng Filmoptretter (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]