한국   대만   중국   일본 
Dag-Nuecht-Grenz ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Dag-Nuecht-Grenz

Vu Wikipedia
Weltkaart mat Dag-Nuecht-Grenz
Dag-Nuecht-Grenz iwwer Europa an Afrika

D' Dag-Nuecht-Grenz , an der Astronomie a Meteorologie och (solaren) Terminator genannt, ass d' Schietgrenz tescht dar duerch d' Sonn beliichter an der onbeliichter Sait vun engem Himmelskierper a besonnesch vun engem Planeit oder engem Mound . E Spectateur, deen op der Dag - Nuecht -Grenz ass, ka jee nodeem e Sonnenopgank respektiv e Sonnenennergank beobachten. Dat heescht, d'Sonn iwwerschreit aus der Siicht vum Spectateur den Horizont . Deen Zaitraum, an deem d'Sonn grad nach net, respektiv grad net mei, ze gesinn ass, gett als Schummerecht bezeechent.

D'Dag-Nuecht-Grenz op engem (idealiseierte kugelfermegen) Himmelskierper ass e kreesronne Rank op der Flach vun der Kugel, deen den Equator zweemol schneit an deem sain Duerchmiesser dem Duerchmiesser vun der Kugel entsprecht. All Punkt um Equator ass zweemol am Dag op der Dag-Nuecht-Grenz zweemol am Dag , bei Sonnenopgank a bei Sonnenennergank, bedengt duerch d' Eegerotatioun vum Himmelskierper (cf. Aerdrotatioun ). D'Langt vun engem Dag ass duerch dat Iwwerschreide vun der Dag-Nuecht-Grenz defineiert.

Steet d' Achs vun der Eegerotatioun vum Himmelskierper senkrecht op der Ekliptik , da verleeft d'Dag-Nuecht-Grenz emmer duerch dei zwee Polen . Allerdengs ass dat bei kengem (bekannten) Himmelskierper exakt de Fall, am Allgemengen hankt d'Achs liicht par Rapport zur Ekliptik (cf. Schreit vun der Ekliptik ). Duerch desen Hank entsteet em d'Polen e Beraich, deen d'Dag-Nuecht-Grenz net all Dag iwwerschreit; d'Greisst vun dese Beraicher annert sech mat der Joreszait : zu de Sonnewenden (Solstitium) erreeche si dei maximal Ausdeenung, dei dann och d' Polarkreeser defineiert. Zu den Equinoxen (da wann den Dag sou laang ass wei d'Nuecht) verschwannen des Beraicher awer, d'Dag-Nuecht-Grenz schneit dann dei zwei Polen.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Dag-Nuecht-Grenz ? Biller, Videoen oder Audiodateien