한국   대만   중국   일본 
Departement Forets ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Departement Forets

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Departement des Forets )
Lag vum Departement des Forets op enger historescher Kaart.

D' Departement Forets (fr.: Departement des Forets ), war vum 24. Oktober 1795 bis 1814 e franseischt Departement an der eischter franseischer Republik an duerno am eischte franseische Keeserraich.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Dekreet vun der Convention nationale vum 1. Oktober 1795 [1] huet d'Annexioun [2] vun de freieren eistraicheschen Nidderlanden a vum Prenzbistum Leck proklameiert. Am Dekreet war d'Opsplecke vum Gebitt an neng Departementer virgesinn, deenen hir Limitten duerch franseisch Kommissare festzeleee waren. Den Dekreet huet och nach virgesinn, datt d'Verwaltungsstrukturen op allen Niveaue seier ageriicht sollte ginn: d'Verwaltunge vun den Departementer, d'Verwaltunge vun de Gemengen an d'Geriichter. All d'Beamte sollte konform zur Constitutioun vum Joer III gewielt ginn.

De 24. Oktober gett den Departement des Forets offiziell ageriicht. En entsprecht dem Gros (~ 2/3) vum Herzogtum Letzebuerg , dat elo verschwennt. De Rescht vum freieren Herzogtum Letzebuerg kennt bei d'Departementer Sambre-et-Meuse (Haaptuert: Namur) an Ourthe (Haaptuert: Leck). Am Weste vum Departement Forets kennt e Steck vum freieren Herzogtum Bouillon bai.

1798 kennt et zum Volleksopstand souwuel an de "germaneschen" wei och an de "romaneschen" Deeler vum Departement, deen enner den Numm Kleppelkrich (Guerre des gourdins) an der kollektiver Erennerung bleift. [3]

Den Numm Forets [ anneren | Quelltext anneren ]

Een Ament huet et sou ausgesinn, wei wann dat Departement Departement des Ardennes orientales sollt heeschen. Awer, weinst de ville Bescher, dei de greissten Deel vu sengem Territoire bedeckt hunn, huet sech dach den Numm Forets duerchgesat.

Geographie [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Departement Forets huet haaptsachlech aus dem greissten Deel vum deemolegen Herzogtum Letzebuerg an engem Deel vum Herzogtum Bouillon bestanen, wat engem groussen Deel vun der haiteger Provenz Letzebuerg , dem Groussherzogtum Letzebuerg an dem Weste vu Rheinland-Pfalz entsprecht.

D'Departement hat eng Flach vu 6.910,35 km² an et hunn deizait 246.333 Leit do gewunnt. [4] , [5]

Eng qualitativ heichwaerteg Kaart vum Departement des Forets fennt een als Bailag vum Gilbert Trausch senger Publikatioun La repression du ≪ Klepelkrich ≫ . [3]

Ennerdeelung [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Departement war a 4 Arrondissementer (Verwaltungsbezierker) an 28 Kantonen ennerdeelt. [6] An all Kanton war ausserdeem e Friddensgeriicht .

Arrondissementer Kantonen (haut Letzebuerg) Kantonen (haut Belsch) Kantonen (haut Daitschland)
Letzebuerg Kaerjeng, Greiwemaacher, Hesper (1795-1802), Letzebuerg-Stad, Letzebuerg-Land, Miersch, Reimech, Rued-Sir Arel, Messancy
Beibreg Iechternach Arzfeld, Beibreg, Dudeldorf, Neuerburg
Dikrech Klierf, Dikrech, Osper, Veianen, Wolz
Neufchateau Baaschtnech, Chenogne, Etalle, Fauvillers, Florenville, Houffalize, Neufchateau, Paliseul, Virton

Lescht vun de Prefekten [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Kayser, Edouard Marc , 1994. Du Grand-Duche de Belgique mort-ne [1790] au Grand-Duche de Luxembourg partage [1839] - Aspects meconnus du passe belgo-luxembourgeois de la fin de l'Ancien Regime au milieu du XIXe siecle. recre 10: 169-188. Dikrech (APESS).
  • Kreins, Jean-Marie , 1996. Histoire du Luxembourg. 2e. edition, 128 p. Collection Que sais-je? . Paris: Presses Universitaires de France. ISBN 2-13-047586-8 .
  • Lasius, Albrecht Friedrich Ludolf, 1813. Der franzosische Kayser-Staat unter der Regierung des Kaysers Napoleon des Großen im Jahre 1812. Ein historisches-Handbuch, Erste Abteilung, Osnabruck bey Johann Gottfried Kißling. (S. 234)
  • Lefort Alfred , 1905. Histoire du Departement des Forets. (Le Duche de Luxembourg de 1795 a 1814). Deel I, Letzebuerg, Imprimerie P. Worre-Mertens.
  • Trausch, Gilbert , 1967. A propos du ≪ Klepelkrich ≫ : la repression des soulevements paysans de 1798 dans le Departement des Forets (Aspects et problemes). Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg Vol. 82: 7-245.

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Den 1. Oktober 1795 entsprecht dem 9 vendemiaire an IV am ≪  calendrier republicain francais  ≫.
  2. Des Annexioun gouf ereischt 1797 duerch den Traite vu Campo-Formio international unerkannt. Den Traite vu Luneville huet 1801 nach emol des territorial Usprech vu Frankraich bestategt.
  3. 3,0 3,1 Cf. Trausch 1967 an der Literatur.
  4. Almanach imperial 1810
  5. Almanach Imperial, 1811, Sait 400
  6. An enger eischter Phas waren et 5 Arrondissementer a 26 Kantonen. Cf. Kreins 1996 an der Literatur.
Dei 45 Departementer dei enner dem Premier Empire (1804-1814) u Frankraich ugeschloss waren

Departementer an der Belsch an Holland an zu Letzebuerg : Bouches-de-l'Escaut  | Bouches-de-l'Yssel  | Bouches-de-la-Meuse  | Bouches-de-Rhin  | Deux-Nethes  | Dyle  | Ems-Occidental  | Escaut  | Forets  | Frise  | Jemmape  | Lys  | Meuse-Inferieure  | Ourthe  | Sambre-et-Meuse  | Yssel-Superieur  | Zuyderzee  |
Departementer an Daitschland : Bouches-de-l'Elbe  | Bouches du Weser  | Ems-Oriental  | Ems-Superieur  | Lippe  | Mont-Tonnerre  | Rhin-et-Moselle  | Roer  | Sarre  |
Departementer an Italien : Alpes-Maritimes  | Appenins  | Arno  | Doire  | Genes  | Marengo  | Mediterrannee  | Mont-Blanc  | Montenotte  | Ombrone  | Po  | Rome  | Sesia  | Stura  | Taro  | Trasimene
Departementer an der Schwaiz : Leman  | Simplon  | Mont-Terrible  |