D'
Cours superieurs
ware bis
1969
zu
Letzebuerg
en Enseignement um Niveau vum eischten
Universiteitsjoer
. No desem Studiejoer hunn d'Studente sech op enger Universiteit am Ausland ageschriwwen.
1969 goufen d'
Cours superieurs
a
Cours universitaires
embenannt
[1]
an an deen nei geschaafte
Centre universitaire de Luxembourg
integreiert.
De
Centre universitaire de Luxembourg
(CunLux) gouf
2003
vun der neigeschaafter
Universite du Luxembourg
ofgeleist.
- Bis
1967
hu sech d'Studenten no de
Cours superieurs
als
eleves libres
op enger auslannescher Universiteit ageschriwwen. No hire 4 Joer Universiteitstudien hu si dann den Ofschlossexamen am Kader vun der
Collation des grades
zu Letzebuerg gemaach.
- 1968
gouf d'
Collation des grades
ofgeschaaft an d'Studenten hu sech no de
Cours superieurs
, respektiv de
Cours universitaires
, als
eleves reguliers
op enger Retsch auslanneschen Universiteiten, mat deenen de Letzebuerger Staat eng Konventioun ennerschriwwen hat, am zweeten Universiteitsjoer ageschriwwen. Hir Examen hu se also vun 1969 un op 'hirer' Universiteit gemaach.
- E Virleefer vun de
Cours superieurs
war de
Cours de philosophie
, dee
1686
, enner dem
Louis XIV.
, zu Letzebuerg agefouert gouf, an dee bis
1815
bestanen huet. No desen eejarege Course konnte sech d'Studenten an der
Faculte de theologie, de droit et de medecine
op der Universiteit zu
Louvain
aschreiwen.
- 1817
huet den hollannesche Regime de Kolleisch, dee kuerz virdrunn als
Athenee royal de Luxembourg
nei gegrennt gi war, mat sougenannte
Cours academiques
versinn, dat well d'Stad Letzebuerg verkeierstechnesch ongenschteg am Verglach zu den Universiteite vu Leck, Leiwen a Gent louch. Duerch d'
Reform Friedemann
(~1836) sinn des Coursen eng Zait verschwonn, bis se als
Cours superieurs
nei gegrennt goufen.
- 1848
(Gesetz vum
23. Juli
) goufen d'
Cours superieurs
nei ageriicht. Se hunn aus zwou Sektioune bestanen:
Philosophie et Lettres
a
Physique et Mathematiques
.
- No hirem Studium op de
Cours superieurs
hunn d'Studente sech als
eleves libres
op enger auslannescher Universiteit ageschriwwen (se hunn also keng Examen op dar Universiteit gemaach, ma lafend, no all Joer, hir Examen - no engem virgeschriwwene Programm - virun engem letzebuergesche Jury ofgeluecht).
No der Universiteit hunn d'Studenten dei verschidden Epreuve vum Ofschlossexamen (de sougenannten
Doktorat
) vun der
Collation des grades
zu Letzebuerg gemaach an duerno, z. B. am Professeschstage, eventuell eng Dissertatioun oder Thees an hirer Spezialiteit geschriwwen a verdeedegt.
- D'
Collation des grades
gouf
1968
ofgeschaaft. Vun do un hunn all letzebuergesch Studenten hir Examen op den auslanneschen Universiteite gemaach, a si hunn duerno missen hir Diplomer zu Letzebuerg homologeiere loossen.
- 1969 goufen d'
Cours superieurs
a
Cours universitaires
embenannt an an dee neigeschaafte
Centre universitaire de Luxembourg
(Gesetz vum 18. Juni 1969) integreiert.
- Ministere de la culture, de l'enseignement superieur et de la recherche, 2000.
Le Livre blanc de l'enseignement superieur au grand-duche de Luxembourg
.
[1]
- Paul Margue
(an Zesummenaarbecht mam
Ed Kayser
),
Des Cours superieurs de l'Athenee a l'Universite, en passant par le Centre universitaire de Luxembourg
; in: (Kollektiv),
De Kolleisch 2017
, Bd. I/II, Ss. 112-117; Letzebuerg (Editioune vum Kolleisch & Print Solutions), 2018.
- Michel Schmit
,
Regards et propos sur l'enseignement superieur et moyen au Luxembourg - Essai documentaire
; Letzebuerg; Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal, Band CXVI/1999.
- Raymond Schaack
,
Studente, Spunten a Stagiaren
(Erennerungen); Letzebuerg (Sankt Paulus Verlag); 1999; 381 Saiten.
ISBN 2-87963-320-6
- ↑
Cf. Art. 8. vum follgende Gesetz: Loi du 18 juin 1969 sur l'enseignement superieur et l'homologation des titres et grades etrangers d'enseignement superieur.
Memorial A Nr. 27 vun 1969
: Les Cours superieurs sont maintenus comme premiere annee d'etudes universitaires et prennent la denomination de Cours universitaires.