De
Coolio
, gebuer den
1. August
1963
als
Artis Leon Ivey Jr.
zu
Monessen
, am
Pennsylvania
, a gestuerwen den
28. September
2022
zu
Los Angeles
, war en
US-amerikanesche
Rapper
a
Schauspiller
.
Hien hat seng greisst Succesen an den 1990er Joren, virun allem mam Steck
Gangsta’s Paradise
(1995) a mat dem Album mam selwechten Numm, an deem en d'Musek vum
Stevie Wonder
sengem Lidd
Pastime Paradise
gesamplet
hat. 1996 huet hien e
Grammy
fir dest Lidd gewonnen.
Sai Steck
I Remember
aus dem Album
It Takes a Thief
(1993) gouf speiderhi fir de
Soundtrack
vun der Dessin anime-Serie
Beavis and Butt-Head
geholl.
Als Schauspiller war de Coolio e. a. an e puer
Televisiounsserien
an e puer
B-Filmer
ze gesinn.
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|