De
Colorado-Plateau
ass eng Geigend westlech vun de
Rocky Mountains
am Sudweste vun de
Vereenegte Staaten
, dei aus e puer mei klenge
Plateaue
besteet. Se breet sech iwwer de Sudoste vum
Utah
, dat nerdlecht
Arizona
an Deeler vun
New Mexico
a
Colorado
aus. Mat enger Flach vu ronn 337.000 km² ass de Colorado-Plateau bal esou grouss wei Daitschlad. Sain Numm ass vum Numm
Colorado River
ofgeleet, dee queesch derduerch leeft an e mat sengen Niewefless entwassert.
De Colorado-Plateau lait an der Moyenne 1500 Meter iwwer dem Mieresspijel. E glaicht enger grousser Schossel, duerch dei, un de geologesche Brochkanten, an do, wou d'Fless sech an d'Deift gefriess hunn,
Verwerfungen
,
Schluchten
,
Tafelbierger
, natierlech Bei a Sailen duerch
Erosioun
entstane sinn.
De Colrado-Plateau ass bekann dofir, datt d'Sedimentsschichten, dei sech an Honnerte vu Millioune Joren an engem Mier ofgelagert hunn, haut, wou dat Mier verschwonnen an d'Gestengs eropgedreckt ginn ass, op ville Plazen als
Toun
oder Sandsteen, resp. Sandteengemesch, oppen do leien. Dei eelst Couche sinn dei vum Fong vum
Grand Canyon
, aus dem
Prekambrium
, dei 600 bis 2000 Millioune Joer al sinn. Duerch d'Erosioun duerch Waasser a Wand vun den ennerschidlech haarde Gestengscouche si plazeweis ongeweinlech Formatiounen entstanen, wei d'
Hoodoo
en am
Bryce-Canyon-Nationalpark
, oder natierlech Brecken, wei dei am
Arches National Park
.
D'geologesch Aerdgeschicht kann un der
Grand Staircase
studeiert ginn, eng Regioun, wou d'Sedimentscouche queesch leien an ee se sou horizontal "liese" kann. An der Geigend vum
Zion Canyon
si se 65 bis 220 Millioune Joer al (
Mesozoikum
). Dei hechste Stuf vun der
Grand Staircase
ass de
Bryce-Canyon
op iwwer 3.000 Meter.
Duerch dei ennerschiddlech Faarwe vum Sandsteen, jee no Alter, entsti plazeweis imposant Landschaftsbiller. Och d'
Canyone
vum Colorado River a sengen Niewefless wei de
Green River
, virop de
Grand Canyon
a
Canyonlands
, si weltwait bekannt. Op anere Plaze sinn et
Zeiebierger
an
Tafelbierger
(
Butte
) laanscht d'Ofbrochkanten, dei, wei et de Fall am
Monument Valley
ass, d'Landschaft markeieren.