D'
Gemeng Colmer-Bierg
ass eng vun den
100
letzebuergesche Gemengen
. Se lait am
Kanton Miersch
. De
Chef-lieu
vun der Gemeng ass d'Uertschaft
Colmer
.
D'Gemeng Colmer-Bierg setzt sech aus den Uertschafte
Bierg
,
Colmer
a
Welsdref
zesummen.
Duerch Gesetz vum
25. Maerz
1991
gouf den Numm vun der Gemeng vu
Berg
op
Colmar-Berg
geannert
[1]
.
Am
16. Joerhonnert
gouf et zu Bierg en etlech grouss Proprieteite mat Schlasser. De greissten Deel dovu war an den Hann vun der Famill
Von der Horst
, dei em
1615
der Koppel
Von Heisgen-Woordt
alles verkaaft huet. Deenen hiert Kandskand de Johann Gerhard von Heisgen huet nach en etlech Terrainen derbaikaaft. Him ass d'
Parkierch
, dei 1744 gebaut gouf, ze verdanken. Deemools huet Bierg zur
Par
Biissen
geheiert, bis et 1803 eng eege Par gouf.
De Johann von Heisgen a seng Fra d'Marie-Anne de Moreau haten zwee Meedercher, d'Maria Klara Gisberta (*1719) an d'Maria Gisberta Johanna (*1722).
D'Maria Klara hat sech mat engem franseische Kapitan, dem Antoine Leclerc de Vrainville aus dem
Herzogtum Bar
a
Loutrengen
bestuet. Si hat d'Herrschaft Bierg geierft, an d'Gisberta dei sech mat dem Jean-Baptiste Thierry de Saint-Baussant bestuet huet, hat
Folkendeng
kritt hat.
Den de Vrainville huet op groussem Fouss gelieft, a lues a lues d'Vermeige verpolvert an nach e Pak Schold derbaigemaach. Besonnesch vill Schold hat hie bei der Maria Gisberta vu Blochausen, der Besetzerin vun der
Colmer Schmelz
.
1764
koum sou dei ganz Proprieteit an d'Hann vun der Famill vu Blochausen.
|
Beschreiwung am Originaltext:
D'argent a l'aigle de sable accompagnee en chef, aux flancs et en pointe de cinq trefles de sinople poses 2-2-1; au chef d'azur charge d'une couronne grand-ducale d'or.
D.C.
15. Dezember
1988
Projet: Marcel Lenertz 1983
|
Armoiries adoptees par le conseil communal dans sa seance du 15 decembre 1988.
Projet : M. Lenertz en 1983
Quell:
STATEC
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|
En Ofleeer vum amerikanesche Pneuefabrikant
Goodyear Tire & Rubber Company
, d'
Goodyear-Dunlop Colmar-Berg
, geheiert mat 3.570 Aarbechter zu de greisste Patronen zu Letzebuerg.
[4]
Zanter
1957
huet d'Goodyear zu Colmer-Bierg en
Technical Center
, dee virun allem
Pneue
fir den europaesche Maart entweckelt. Donieft ginn zu Colmer-Bierg an der
Pneuefabreck
och nach Camionspneuen a Secherheetspneue produzeiert.
Zu den Infrastrukture vu Colmer-Bierg zielen:
- e Centre culturel
- eng Sportshal
- 3 Foussballsterrainen
- 5 Tennisterrainen (5-mol
French Court
)
- en effentleche Park
- eng Gare (d'
Gare Colmer-Bierg
)
- e Scoutschalet
- eng Kierch
- eng Post
- Colmer-Bierg huet ee
Precoce
, eng Spillschoul, eng
Grondschoul
an eng
Maison relais
.
2005
gouf de Bau vun engem neie Schoulkomplex mat 4 Klassesall fir d'Spillschoul, 2 Klassesall fir de Precoce an engem Schoulrestaurant beschloss. Dese Schoulkomplex, deen 6.429.475 € kascht huet, gouf fir d'Rentree 2008/2009 faerdeg.
- D'Schwamm
Nordpool
vu Colmer-Bierg huet een Haaptbaseng vun 25x10m an een Niewebaseng vun 10x10m. D'Schwamm war tescht August
2009
a Mett
2011
zou well en neie Komplex mat Wellness-Beraich baigebaut an den alen Deel komplett renoveiert gouf. Den Devis gouf op 11.319.816 € chiffreiert, wouvun de Sportsministere 4,5 Millioune bezuele sollt, a Colmer-Bierg 850.000 €. Der Rescht vun de Kaschte gouf op dei aner 7 Gemenge verdeelt, deenen hir Schoulklasse vun der Schwamm profiteieren, an zwar am Verhaltnes zu de Stonnen dei se fir sech reserveiert hunn. D'Soumissioun fir d'Aarbechte gouf den 21. Juni 2010 op der Colmer Gemeng opgemaach.
Colmer-Bierg ass un de Stroosseverkeier ugeschloss iwwer d'Autobunn
A7
, d'
Schnellstrooss B7
, d'Nationalstroossen
N7
an
N22
, an d'
Chemin reprisen
CR345
an
CR123
.
Duerch d'
Colmer Gare
fiert d'CFL-Linn 1
Letzebuerg-Elwen
.
Et gett nach eng Eisebunnslinn vun
Ettelbreck iwwer Colmer bis op Biissen
, dei freier zu der
Atertlinn
geheiert huet. Des Linn gett nemmen nach geleeentlech fir Giddertransport benotzt.
Colmer gett och vun enger Retsch
RGTR
-Buslinnen ugefuer.
Ennert der Uelzechtbreck (N7) kraize sech d'Velospist
PC15
, dei
Bareldeng
mat
Ettelbreck
verbennt, souwei d'
PC12
, dei sech Richtung Westen (zu
Naerden
) mat der
PC17
kraizt.
Colmer-Bierg huet 18 Verainer, dorenner 6 Sportsverainer:
- Action catholique des femmes du Luxembourg
- Association des parents
- Chorale St. Cecile
- Club des jeunes
- Croix-Rouge
- Football ASC
- Frenn vum Velo Colmar-Berg
- Goodyear Fescherclub
- Goodyear Photoclub Colmar-Bierg
- Harmonie grand-ducale Orania
- Indiaca
- Seniorenclub 2006 asbl Colmar-Berg
- Service d'incendie de la commune de Colmar-Berg
- Societe gymnastique Alouette
- Supporterclub ASC
- Syndicat d'initiative
- Tennis Club
Zanter 2004 ass Colmer-Bierg d'Partnerstad vu
Weilburg
an Daitschland. Colmer-Bierg ass d'Residenz vum Letzebuerger Herrscherhaus, dat vu Weilburg kennt.
Perseinlechkeeten aus der Gemeng Colmer-Bierg
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
- Prinzessin
Alix vu Letzebuerg
(1929-2019),
- Frantz Heldenstein
(1892-1975), Sculpteur an Innenarchitekt,
- Groussherzog
Jean vu Letzebuerg
(1921-2019),
- Prenz
Charles vu Letzebuerg
(1927-1977),
- Groussherzogin
Charlotte
(1896-1985),
- Prinzessin
Elisabeth vu Letzebuerg
(1922-2011),
- Prinzessin
Hilda vu Letzebuerg
(1897-1979),
- Groussherzogin
Marie-Adelaide
(1894-1924),
- Prinzessin
Marie-Gabrielle vu Letzebuerg
(1925-2023),
- Prinzessin
Sophie vu Letzebuerg
(1902-1941),
- Prinzessin
Marie-Adelaide vu Letzebuerg
(1924-2007).
D'Gemeng ass Member vu follgenden
interkommunale Syndikater
:
-
Gemengenhaus
-
De Park
-
D'Uelzecht beim Park
-
-
-
- ↑
Loi du 25 mars 1991 portant modification du nom de la commune de Berg en celui de Colmar-Berg
. legilux.public.lu (30.04.1991). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
- ↑
Buch "La famille PAPIER, Famille de Mme de MUNKACSY" vum Dr. Jean-Claude Loutsch
- ↑
ARRETE ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 decembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duche am
Memorial N°3 vun 1844
- ↑
Luxembourg en chiffres 2021
. STATEC. Gekuckt de(n) 21 November 2021.