|
Desen Artikel iwwer de
Chreschtentum
ass ereischt just eng
Skizz
Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
Coelestin V.
|
---|
|
Gebuertsnumm
|
Pietro Angelerio
|
---|
Gebuer
|
1215
jul.
Sant’Angelo Limosano
|
---|
Gestuerwen
|
19. Mee
1296
jul.
Fumone
|
---|
Nationaliteit
|
Kierchestaat
|
---|
Aktiviteit
|
kathoulesche Priister
|
---|
|
Den
Coelestin V.
, gebuer
1210
zu
Isernia
, a gestuerwen den
19. Mee
1296
an der Biergfestung
Fumone
bei
Anagni
, war
Poopst
vun der
Kathoulescher Kierch
am Joer
1294
. Sai
latengeschen
Numm bedeit:
Den Himmleschen
.
De Pietro da Murrone, Bouf vun einfache Leit, ass am Alter vun 20 Joer an de
Benediktineruerden
agetrueden. Em
1240
ass en an eng Hiel um Bierg
Murrone
bei
Sulmone
gaangen, fir do e strengt Liewen a Bouss a Gebiet ze verbrengen. D'Verlaangen, wait ewech vu Menschen ze liewen, huet de Murrone no 5 Joer dozou gedriwwen, op de bal onzougangleche
Monte Majella
ze goen. En ass awer net laang eleng bliwwen: aner
Eremite
koumen an hu sech em hie versammelt. Doweinst huet de Pietro eng
Kongregatioun
gegrennt, wou se no verschaerfte Benediktinerreegele gelieft hunn. Sengerzait gouf dei Monchsgesellschaft "Einsiidler vum Hl. Damian" oder och "Einsiidler vu Murrone" genannt, mei speit koum och nach den Numm
Colestiner
dobai.
D'Leedung vun der Kongregatioun huet hie scho bal engem Vikar iwwerdroen an ass erem zereck op de Bierg Murrone gaangen, wou en erem eleng liewe wollt.
Wei sech dei zwou Parteie vun de
Colonna
an den
Orsini
nom Doud vum
Nikolaus IV.
no zwee Joer an drai Meint net op e Poopstkandidat eenege konnten, gouf op Wonsch vum
Karl II.
vun
Neapel
, de
5. Juli
1294
zu
Perugia
de weltfrieme Pietro da Murrone aus den
Abruzzen
gewielt, dee vum Vollek als Hellege vereiert gouf. No sengem Gebietskampf huet de Pietro d'Wal ugeholl an ass op engem
Iesel
vum Bierg Murrone erofgeridden.
De Pietro da Murrone, dee sech elo Coelestin V. nennt, ass seier a komplett Ofhangegkeet vum Karl II. geroden a huet missen am Oktober seng Residenz op Neapel verleeen. De Poopst huet geschwenn erkannt, datt e sengem Amt net gewuess war an huet nees nom Fridde vum Elengliewe verlaangert.
Beim
Kardinol
Benedikt Gaetano
, dee sech a rechtleche Froe gutt auskannt huet, huet hien em Rot gefrot. Deen huet den Coelestin weider bestaerkt, d'Amt nidderzeleeen an huet d'Ofdankungsformel entworf. Den
13. Dezember
1294
huet den Coelestin offiziell ofgedankt. De
24. Dezember
1294
gouf de Benedikt Gaetano als
Bonifatius VIII.
sain Nofollger.
De Pietro da Murrone huet misse fortlafen an ass, op Uerder vum neie Poopst verfollegt, an engem ofgeleeene Besch bei Sulmona verschwonnen. Weinst dem ongenschtege Wieder ass et em net gelongen, iwwer d'
Adria
z'entkommen. E gouf ausgeliwwert a war dei lescht zwee Joer vu sengem Liewen, streng bewaacht, an engem Prisong an der Biergfestung Fumone.
Hie gouf de
5. Mee
1313
vum
Clemens V.
helleggesprach.
Den Coelestin a sain Androck op d'Weltgeschicht
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Haut gett an eisem
Kalenner
den
19. Mee
dem Coelestin V. geduecht.
Warend den
Dante Alighieri
de Coelestin a senger
Divina Commedia
an d'Hell verweist, eiert de
Francesco Petrarca
dem Coelestin sai Verzicht op de Poopsttitel als e Beispill vun Demut a stellt den Asiidlerpoopst mei heich wei d'Apostelen a vill aner Helleger.