한국   대만   중국   일본 
Cocktail ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Cocktail

Vu Wikipedia
Dese Gedrenksartikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
En typesche Cocktail, zerweiert an engem Cocktailglas

E Cocktail ass e Gedrenks, dat aus e puer meeschtens alkoholesche Substanzen zesummegemescht gett.

An engem Cocktail fennt ee geweinlech eng oder mei Zorte Liqueur , do derbai aner Liewensmettel fir Gout ze ginn, wei Uebst oder Uebstjus, Zocker , Mellech oder Rahm , Gewierzer, asw. Bis an d' 1970er Jore ware Cocktailer meeschtens op Basis vun Gin , Whiskey oder Rum , a mei rar Wodka . Zanter den 1980er Joren ass Wodka dei meeschtgebrauchte Grondsubstanz fir gemescht Gedrenks. Och Gedrenks mat Kuelesaier - Spruddelwaasser oder Tonic - gett gar a Cocktailer gemescht.

Den Numm Cocktail heescht op Englesch Hunneschwanz . Et gett eng sellege Versich, d'Etymologie vum Numm z'erklaren: Sou keint des Bezeechnung dorop zereckzefeiere sinn, datt entweeder d'Schwanzplomme vun Hunnen an dei eischt Cocktailer gestach goufen, oder awer och op e Gemesch aus Absinth a Whisky , dat zu New Orleans zerweiert gouf a coquetier - Eeerdeppchen , genannt gouf. Als aner Erklarung gett gesot e keim aus der Zait vum amerikaneschen Onofhangegkeetskrich , wei d' Madame Washington , well alles rar war, bei enger Receptioun e Gemesch vu Jusen an Alkohol an engem Glas, garneiert mat enger Hunneplomm zerweiert huet, an de Lafayette , wei en dat gesinn huet gesot soll hunn Oh, a Coq-tail , well him dat englescht Wuert fir Hunn net direkt agefall ass.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Cocktailer ? Biller, Videoen oder Audiodateien