한국   대만   중국   일본 
CoRoT ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

CoRoT

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Weltraumteleskop CoRoT. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Corot .
CoRoT
Typ Fuerschungssatellit
Land Europa
Agentur ESA
Bunnheicht 827 km
Mass 630 kg
Ofmiessungen 4,1 m × 1,98 m × 1,98 m
Start 27. Dezember 2006
Startplaz Baikonur
Drorakeit Sojus 2.1b
Diverses

CoRoT (vum franseischen ? Co nvection, Ro tation et T ransits planetaires“, oder engleschen ?Convection, Rotation and planetary Transits“, ass ee vun der franseischer Raumfaartagentur CNES bedriwwene Weltraumteleskop . E verfollegt Hellegkeetsverannerunge vu ville Staren , fir doraus Informatiounen iwwer dei bannenzeg physikalesch Eegenschaften ofzeleeden a sicht Exoplaneite mat der Transitmethod. Rakeitestart war de 27. Dezember 2006 . Dei em drai Joer verlangert Missioun soll den 31. Maerz 2013 faerdeg sinn.

Missiounsziler [ anneren | Quelltext anneren ]

CoRoT huet zwee wessenschaftlech Ziler [1] :

Asteroseismologie [ anneren | Quelltext anneren ]

No der Method vun der Asteroseismologie soll aus reegelmeissegen Hellegkeetsschwankunge vun de Staren hir bannenzeg Struktur entratselt ginn. Fir d'Ennersich goufen haaptsachlech Stare vun der Haaptrei ( Spektralklassen F a G, Delta-Scuti-Staren ) mat enger visueller Magnitude vun iwwer 9 mag a mei kleng wei 6,5 mag erausgesicht. Eng Observatiounsperiod am sougenannten Haaptprogramm dauert 150 Deeg. Warend dar Zait observeiert de CoRoT all Keier 10 Staren. Duerch eng heichprezis Miessung vun den Hellegkeetsvariatiounen (0,1 bis 10 Hz) solle follgend Parametere bestemmt ginn:

Nieft den Ofschnetter vun 150 Deeg am Haaptprogramm vun der Observatioun huet de Corot een ?explorative“ Programm. Den explorative Programm ennersicht vill Stare vun der Spektralklass B bis K. Dofir gi Periode vu ronn 20 Deeg tescht den Observatiounsperiode vum Haaptprogramm agesat. D'Miessfrequenz gett op 0,6 Hz erofgesat. Dat erlaabt d'Ferderung vu statisteschen Informatiounen iwwer d'Verhaltnes vun de Schwengungstyppen an Ofhangegkeet vun der Mass , Alter , Wenkelvitess , a Metalliziteit vun den ennersichte Staren. 50 bis 100 Objete sollen ennersicht ginn.

Sich no Exoplaneiten [ anneren | Quelltext anneren ]

Duerch d'Iwwerwaachung vu ville Stare soll och no Exoplaneite gesicht ginn, dei beim Transit virun hirem Mammestar zu engem kuerzen Hellegkeetsoffall feieren ( Transitmethod ). Glaichzaiteg ginn 12.000 Staren iwwerwaacht (am Ganze bis 180.000). D'Stare hunn eng visuell Hellegkeet vun 12 mag bis erof op 15,5 mag. Et handelt sech dofir an der Reegel em rout Zwerge vun de Spektralklassen F bis M. Nieft der Entdeckung vun Honnerte vu Planeite vu Jupitergreisst erwaarden dei wessenschaftlech Planungsdokumente vun der Missioun, datt 10 bis 40 Planeitem an Aerdgr eisst an anere Sonnesystemer entdeckt ginn.

Fir e puer Exoplaneite gett erwaart, datt si an der habitabler Zon leien, an dar flessegt Waasser ze fannen ass. Een ?habitablen“ Exoplaneit gett allerdengs meiglecherweis net an der Emlafbunn vun engem sonnenanleche Gielen Zwerg fonnt, ma eischter an enger noer Emlafbunn (0,2 bis 0,5  AE ) vu mei kalen Zwergstare.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Tilmann Althaus: Die COROT-Mission. Ein Planetenjager im All. In: Sterne und Weltraum 46, Nr. 1, 2007, S. 16?18 ( 2007 )

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Archive copy Archiveiert de(n) 2012-01-31. Gekuckt de(n) 2012-03-24.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B ( 1975 ) ? GEOS 1 a GEOS 2 ( 1977 , 1978 ) ? Meteosat ( 1977 ? 1997 ) ? IUE ( 1978 ) ? EXOSAT ( 1983 ) ? Giotto ( 1985 ) ? Olympus ( 1989 ) ? Hipparcos ( 1989 ) ? Hubble ( 1990 ) ? Ulysses ( 1990 ) ? ERS 1 an ERS 2 ( 1991 , 1995 ) ? EURECA ( 1992 ) ? ISO ( 1995 ) ? SOHO ( 1995 ) ? Huygens ( 1997 ) ? XMM-Newton ( 1999 ) ? Cluster ( 2000 ) ? Artemis ( 2001 ) ? Proba ( 2001 ) ? Envisat ( 2002 ) ? MSG 1 an MSG 2 ( 2002 , 2005 ) ? Integral ( 2002 ) ? Mars Express ( 2003 ) ? SMART-1 ( 2003 ) ? Double Star ( 2003 ) ? Rosetta ( 2004 ) ? SSETI Express ( 2005 ) ? CryoSat ( 2005 ) ? Venus Express ( 2005 ) ? Galileo ( 2005 ? 2008 ) ? ASTRO-F ( 2006 ) ? METOP-A ( 2006 ) ? CoRoT ( 2006 ) ? GOCE ( 2007 ) ? SMOS ( 2007 ) ? Herschel ( 2009 ) ? Planck ( 2008 ) ? ADM-Aeolus ( 2008 ) ? HYLAS ( 2008 ) ? LISA Pathfinder ( 2009 ) ? CryoSat-2 ( 2009 ) ? SWARM ( 2010 ) ? Gaia ( 2011 ) ? ExoMars ( 2013 ) ? BepiColombo ( 2013 ) ? JWST ( 2013 ) ? LISA ( 2015 ) ? Darwin ( 2015 ) ? Solar Orbiter ( 2015 ) ? Mars Sample Return (freistens 2016 )