D'Clementine virum Start
Clementine
war eng US-amerikanesch Raumsond, dei
1994
den
Aerdmound
ausgefuerscht hat.
Mat der Sond Clementine dei vum
Naval Research Laboratory
gebaut gouf, wollt de
Verdeedegungsministere vun de Vereenegte Staaten
eng nei Generatioun vu Kameraen, Solarzellen an aner Instrumenter testen. Als Zilobjet gouf de Mound erausgesicht. Zanter dem
Explorer 49
am Joer
1973
hat keng US-Sond mei de Mound ugeflunn. Mat engem
Swing-bymanover
beim Mound sollt d'Sond speider aus dem Aerdschweierfeld katapulteiert ginn an den
Asteroid
(1620) Geographos
erfuerschen. Fir dei Missioun huet den US-Verdeedegungsministere du mat der
NASA
zesummegeschafft. Et waren och Systemer aus
Frankraich
vertrueden. D'Sond hat 80 Milliounen US-Dollar kascht an hat e Gewiicht vu 424 kg.
D'Clementine ass de
25. Januar
1994
mat enger
Titan 23G
gestart. Et war dei eischt Raumsond, dei vun der
Vandenberg Air Force Base
a Kalifornie gestart gouf. Si hat den 19. Februar eng polar Emlafbunn em den Aerdmound erreecht. D'Sond hat bis Mee ronn 95% vun der Mounduewerflach karteiert (am Ganze ronn 1,6 Milliounen Eenzelbiller). Weinst enger Computerpann gouf de 7. Mee d'Missioun fir den Asteroid
(1620) Geographos
z'erfuerschen ofgebrach. Dei feelerhaft Dreifwierkzundung hat d'Sond an eng Eegerotatioun vun 80 Emdreiunge pro Minutt versat. Duerno gouf d'Sond op eng Bunn em d'Aerd gefouert, fir e puer Instrumenter am Fluch duerch d'
Van-Allen-Ceinture
z'ennersichen. Am Juni
1994
huet d'Sond du komplett versot.
Nieft de ville Fotoen hu besonnesch
1996
publizeiert Hiweiser op Waasserais um
Moundsudpol
fir Interessi an der Fuerschung gesuergt. Dei Hiweiser ware mat Hellef vu Radarmiessunge festgestallt ginn. Si gouf als sou bedeitend aklasseiert, datt eng weider Sond fir op de Mound enner dem Numm
Lunar Prospector
bei der NASA virgeschloen a bewellegt gouf.
- Ben Bussey, Paul Spudis:
The Clementine atlas of the moon.
Cambridge Univ. Press, Cambridge
2003
,
ISBN 0-521-81528-2