Chavela Vargas

Vu Wikipedia
Chavela Vargas
D'Chavela Vargas (2009)
Gebuer 17. Abrell 1919
Gestuerwen 5. August 2012
Cuernavaca
Doudesursaach Otemnout
Nationaliteit Mexiko
Aktiviteit Stroossekenschtler, Sanger , Museker, Filmschauspiller, Discographesche Kenschtler

D' Chavela Vargas , gebuer de 17. Abrell 1919 zu San Joaquin de Flores , Costa Rica , a gestuerwen de 5. August 2012 zu Cuernavaca , Mexiko , fir richteg Isabel Vargas Lizano , war eng mexikanesch-costa-ricanesch Sangerin vun den traditionelle mexikanesche Rancheras , dei geweinlech vu Manner gesonge goufen. Si hat eng markant deif, rau Stemm.

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Chavela Vargas koum mat 14 Joer a Mexiko. An den 1950er Joren huet si ugefaangen, professionell ze sangen an ass laang mam bekanntste Ranchera-Sanger a -Komponist vu Mexiko, dem Jose Alfredo Jimenez opgetrueden. 1961 huet d'Vargas hir eischt Plack erausbruecht; eng 80 aner sinn an de Joren duerno nokomm. 1979 huet si sech provisoresch aus dem Musek-Business zereckgezunn an zu Cuernavaca gelieft.

Si huet 1990 am Werner Herzog sengem Film Schrei aus Stein eng Indianer-Fra gespillt, an de Pedro Almodovar huet Lidder vun hir am Soundtrack vu senge Filmer Tacones lejanos (1991) a La flor de mi secreto agebaut. 1993 huet d'Chavela Vargas a Spuenien bannent engem Dag zwee nei Albumen opgeholl, an 1994 en dretten. Duerno huet si eng Concertstournee gemaach.

Fir de Film Frida huet si e. a. hire Klassiker Paloma Negra nei opgeholl. An enger Zeen mam Salma Hayek huet si den Doud gespillt. D'Vargas soll als jonk Fra selwer eng Affar mat der Molerin Frida Kahlo gehat hunn. An engem Teleesinterview huet si 2000 bekannt gemaach, datt si homosexuell wier.

2003, am Alter vun 83 Joer, ass d'Chavela Vargas an der New Yorker Carnegie Hall opgetrueden.

2007 koum den Album Cupaima eraus, 2010 ¡Por mi culpa! an 2012 La Luna grande , en Hommage un de Federico Garcia Lorca .

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Chavela Vargas ? Biller, Videoen oder Audiodateien