De
Charles Joseph Minard
, gebuer de
27. Maerz
1781
zu
Dijon
a gestuerwen de
24. Oktober
1870
zu
Bordeaux
, war e franseische
Bauingenieur
, deen essenziell zu der Entwecklung vun der
Informatiounsgrafik
baigedroen huet.
De Minard huet vu 1796 un op der
Ecole polytechnique
an dono op der
Ecole nationale des ponts et chaussees
studeiert. HIen huet dono eng Zaitchen als Bauingenieur bei Damm-, Kanal- a Breckeprojeten a ganz Europa geschafft, ier en 1830 als Direkter vun der Ecole Nationale des Ponts et Chaussees ernannt gouf. 1836 huet hien des Fonctioun opginn a gouf Inspekter beim
Corps des Ponts et Chaussees
. 1851 goung en a Pensioun.
De Minard war ee Pioneier vun der grafescher Informatiounsvermettlung (
Infographie
oder Infografik) am Ingenieurswiesen an an der
Statistik
.
Seng
Carte figurative des pertes successives en hommes de l'Armee Francaise dans la campagne de Russie 1812?1813
ass dei bekanntst Infografik, dei e gemaach huet. Si koum 1869 eraus a weist e
Sankey-Diagramm
iwwer dem
Napoleon Bonaparte
seng
Russlandcampagne
vun 1812/1813. Op hir ginn an enger zweedimensionaler Representatioun eng ganz Retsch vu Variabelen duergestallt:
- d'Positioun an d'Marschrichtung vun der Armei: Truppendeeler, dei sech ofsplecken an nees derbaikommen;
- d'Staerkt vun den Truppen, dei dramatesch ofhelt, z. B. bei der
Schluecht bei der Beresina
um Reckzuch duerch en aiskale Floss;
- dei aussergeweinlech niddereg Temperaturen (si sinn an der
Reaumur-Skala
, woubai z. B. ?30 °Reaumur = ?37,5 °
Celsius
)