De
Jean Charles Wenzeslas Arendt
[1]
, gebuer de
15. Maerz
1825
zu
Veianen
, a gestuerwen den
21. November
1910
zu
Letzebuerg
, war
Staatsarchitekt
fir
Letzebuerg
an Auteur vun iwwer 130 Publikatiounen, virun allem iwwer architektonesch a konschtgeschichtlech Theemen. Seng Wierker huet hien op
Franseisch
mat
Charles Arendt
respektiv mat
Jean-Venceslas-Charles Arendt
ennerschriwwen, op
Daitsch
mat
Karl Arendt
.
De Charles Arendt huet vun 1846-1849 zu
Breissel
a
Munchen
studeiert a gouf 1850 zum Distriktsarchitekt fir
Greiwemaacher
an 1858 zum Staatsarchitekt ernannt. Hien hat dei leschtgenannt Funktioun bis zu senger Pensioun, 1898
[2]
.
De Charles Arendt war staark ageholl vun der
Neigotik
an eng ganz Rei vu Kierchen a Kapellen, dei hien entworf huet, droen nach haut sai Stempel. Am Ganze sinn enner senger Supervisioun 78 Kierchen an den
Diozese
Letzebuerg,
Treier
,
Nanzeg
an
Namouer
gebaut ginn. Dobai koumen eng 130 Profanbauten
[2]
.
Och eng sellege Restauratioune vun historesche Gebaier huet hien ausfeiere gelooss, dorenner dei vun der Ruin vun der
Buerg Veianen
an dei vum
Denzelt
vun
Iechternach
, d'
Justizkraizer
vu
Wolz
an der
Fiels
, d'gotesch Kierche vun
Nidderwolz
,
Waldbriedemes
an
Holler
, d'
Grainskapell
an eng Retsch Statuen, Fresken oder Altar
[2]
.
De Charles Arendt huet och eng 160 Artikelen oder
Monographie
geschriwwen; sief et iwwer archeologesch Ausgruewungen, bei deenen hie matgeschafft huet, historesche Beschreiwungen oder philosopheschen Iwwerleeungen
[2]
.
Hie war President vum Verscheinerungsverai vu Veianen a Member am Eifelverain, an huet deementspriechend villes iwwer seng Heemechtsstad publizeiert
[2]
.
- Arendt, C., 1884. Monographie du chateau de Vianden. Impr. de la Cour, Luxembourg.
- Arendt, K., 1895. Die ehemalige Schlossburg der Grafen u. Herzoge von Luxemburg auf dem Bockfelsen daselbst. 62 S., J. Beffort.
[1]
- Arendt, K., 1901. Monographie der Burg Falkenstein.
Ons Hemecht
Jg. 7. Luxemburg: P. Worre-Mertens. [27 S.]
- Arendt, K., 1903. Das Luxemburger Land in seinen kunstgeschichtlichen Denkmalern: summarisch in Wort und Bild geschildert. 60 S., P. Worre-Mertens, Luxembourg.
- Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1904-1910. Portrat-Galerie hervorragender Personlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfangen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss.
- Arendt, K., 1905. Diekirch und seine alte Pfarrkirche.
Hemecht
11.
- Arendt, K., 1906. St. Quirin und die hl. drei Jungfrauen: eine kunstarchaologische Skizze. 16 S., St. Paulus-Ges., Luxemburg.
- Arendt, K., 1908. Das romische Mosaik von Nennig.
Bull. Soc. Nat. luxemb.
18: 371-378].
[2]
- Arendt, K., 1910. Kleine Welten.
Bull. Soc. Nat. luxemb.
20: 166-177.
[3]
- Gilbert, P.
, 1986.
La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la metamorphose d'une ville en un siecle.
Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul.
BNL
LB 1061, S. 157
- Philippart, R.
, 2007. Charles Arendt (1825-1910). S. 83 in: Luxembourg. Historicisme et identite visuelle d'une capitale. 207 S. editions saint-paul.
ISBN 978-2-87963-694-8
.
- ↑
sou steet den Numm op der Grafplack
- ↑
2,0
2,1
2,2
2,3
2,4
2,5
2,6
"Karl Arendt †."
Luxemburger Wort
22. November 1910, S.2.
op
www.eluxemburgensia.lu
- ↑
Cf.
Gedeon Bordiau op der franseischer Wikipedia
. Kuckt och d'
Internetsait iwwer d'Geschicht vum Palais op monarchie.lu
;
- ↑
Cf. d'
Internetsait iwwer d'Salle Charles-Arendt um Internetsite vum Veianer Schlass
- ↑
Memorial A N° 12 vum 18. Februar 1882 Sait 1
Lescht vu Leit dei 1882 mam ordre de la couronne de chene ausgezeechent goufen
- ↑
Nouvelles locales
.
L'independance luxembourgeoise
. eluxemburgensia.lu (5. September 1884). Gekuckt de(n) 2023-01-23.