Chantal Gary

Vu Wikipedia
Desen Artikel iwwer e Politiker ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Chantal Gary
Gebuer 11. Februar 1988
Letzebuerg
Nationaliteit Letzebuerg
Educatioun Universteit vun Insbruck
Aktiviteit Politiker, Geograph
Partei dei greng

D' Chantal Gary , gebuer den 11. Februar 1988 an der Stad Letzebuerg [1] , ass eng letzebuergesch Geographin a Politikerin ( dei greng ).

Si huet bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 kandideiert a gouf Drettgewielt am Osten. Den 23. Oktober 2019 ass si an d' Chamber nogereckelt , nodeems den Henri Kox Minister an der Regierung Bettel-Schneider-Bausch gouf [2] . Si huet hiert Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-2023 ausgefellt.

Virparlamentaresch Karriar [ anneren | Quelltext anneren ]

Hire Geographiesstudium mat Schweierpunkt Geographie, Amenagement, Urbanisme, Environnement huet si zu Montpellier op der Universiteit Paul-Valery tescht 2009 an 2012 gemaach.

No hirem Studium huet si bei Fairtrade Letzebuerg als Responsabel fir Sensibiliseierungsaarbecht geschafft. Vun 2018 un huet si bis zum Antrett an d'Chamber als Gestionnaire de Projet am Service "Mobilite nationale et transfrontaliere" beim Verkeiersverbond geschafft.

Sportlech Karriar [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Chantal Gary huet vun 1999 bis 2019 am Handballclub Museldall Greiwemaacher gespillt. Do huet si an der Saison 2016-2017 de Championstitel wei och d'Coupe vu Letzebuerg gewonnen. Zanter 2019 ass si Vizepresidentin vum Verain. [3] Si war ausserdeem 2007 [4] Landesmeeschterin am Taekwondo . A beide Sportaarten war si an hirer Jugend an der Nationalekipp. Allerdengs huet si hir aktiv Karriar weinst Kneiverletzunge missen un den Nol hanken.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. MB Museldall Grevenmacher, depot
  2. "Une nouvelle deputee." 'A la Une' op chd.lu, 23.10.2019.
  3. HB Museldall: Gary und Goncalves beenden aktive Spielerkarriere . topscore.lu (28/05/2019). Gekuckt de(n) 02/10/2019.
  4. Landesmeeschterschaft 2007 den 10 November zu Harel