Reproduktioun vum Walziedel fir den 1. Walbezierk (Suden) den Dag virun de Walen am
Tageblatt
Bei de
Chamberwale vum
26. Oktober
1919
handelt et sech em dei eischt
Chamberwalen
zu
Letzebuerg
, mat
allgemengem Walrecht
, bei deenen 48 Deputeiert fir an d'nationaalt Parlament gewielt goufen: Eng eischt Keier hunn och, sou wei vun
Konstitutivversammlung vun 1918
bestemmt, d'
Fraen daerfe wielen
, an eng eischt Keier gouf et keng Restriktiounen, datt ee misst eng bestemmt Zomm Steiere bezuelen, fir daerfe wielen ze goen (
Zensus-Walrecht
).
D'Allgemengt Walrecht war eng laangjareg Revendicatioun vun de
Sozialisten
, an d'Ironie vun der Geschicht well et, datt duerch sain Afeieren ausgerechent hire politesche Geigner, d'
Rietspartei
, staark profiteiert huet: Obwuel d'Zuel vun de Setz vun 53 op 48 erofgaange war, konnt d'Rietspartei hiert Resultat vun 18 op 27 Setz em d'Hallschecht verduebelen an domat d'absolut Majoriteit kreien.
[1]
Si huet sech dann och an der Folleg als traditionell staerkst Partei am Land kennen etableieren.
Mat der
Marguerite Thomas-Clement
aus der Sozialistescher Partei ass och fir d'eischt Keier eng Fra an d'Chamber gewielt ginn.
[1]
Alterspresident ass den
Alphonse Eichhorn
aus der Rietspartei ginn.
[1]
/: keng Kandidaten an deem Bezierk
Gewielt goufen (Situatioun virun der Ernennung vu Ministeren):
[1]
,
[2]
[3]
- ↑
1,0
1,1
1,2
1,3
1,4
1,5
"Die Kammerwahlen vom 26. Oktober."
Luxemburger Wort
Nr. 272, 29. Oktober 1919, S.1.
- ↑
Zu den Wahlen. Endgultiges Wahlresultat.
, Tageblatt vum 29. Oktober 1919, S. 2
- ↑
Wahl-Ergebnisse.
, Luxemburger Wort vum 30. Oktober 1919, S. 1
Chamberwalen zu Letzebuerg
|
---|
|