Kulturzentrum Edouard-Juncker
De
Centre des arts pluriels Edouard-Juncker
, och nach
Centre des arts pluriels d'Ettelbruck
genannt, gekierzt
CAPe
, ass e Meizweck-Zentrum zu
Ettelbreck
op der Place Marie-Adelaide. En huet am September 2000 seng Diere fir de Public opgemaach.
De CAPe gouf op d'Initiativ vum freieren Ettelbrecker Buergermeeschter
Edouard Juncker
gebaut an dreit deemno sain Numm. Dei eischt Konzepter fir e Kulturzentrum si schonn 1986 entstanen, konnten awer aus finanziellen a strukturelle Grenn net realiseiert ginn. Ereischt deen zweete Projet huet zum Bau vum aktuellen Haus gefouert, nodeem 1996 de Grondsteen geluecht gouf. D'Gebai ass vum Architekt Henri Jonas entworf an ausgefouert ginn.
De CAPe eegent sech fir Theater, Concerten, Ausstellungen an aner kulturell Manifestatiounen. De CAPe ass um
Conservatoire vum Norden
ugebaut. E verfuugt iwwer 2 Sall.
Dee grousse Sall huet 450 Setzplazen an eng Bun, dei 14 m breet a mat allen techneschen Hellefsmettelen ausgerescht ass.
Dee klenge Sall ass mat flexibelen a modulare Setzreien ekipeiert a ka maximal 120 Leit ophuelen. Ausser fir Concerten ass en och fir Konferenze geeegent.
D'Aktiviteite vum Kulturzentrum gi vum Verain
Centre des Arts Pluriels d'Ettelbruck
koordineiert, deen e Verwaltungsrot mat 13 Memberen huet. Parallel dozou gett et eng Programmkommissioun mat 6 Memberen.
D'kenschtleresch Directrice vum CAPe war vun 2006 bis Enn 2013 d'
Ainhoa Achutegui
, Nofollger gouf am Freijoer 2014 de
Carl Adalsteinsson
.