한국   대만   중국   일본 
Carlo Borromeo ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Carlo Borromeo

Vu Wikipedia
Hl. Karolus Borromeus
Carlo Borromeo
2. Oktober 1538 ? 3. November 1584
Bild vum Giovanni Ambrogio Figino
Detailer
Beatifikatioun 1602
Kanonisatioun 1610
Enner dem Poopst Paul V.
Gedenkdag 4. November

De Carlo Borromeo , gebuer den 2. Oktober 1538 bei Arona , a gestuerwen den 3. November 1584 zu Mailand , war e Kardinol an Hellege vun der kathoulescher Kierch. E staamt aus dem italieeneschen Adelsgeschlecht vun de Borromeo . Nom hellegen Ambrosius war hien deen zweete grousse Beschof vu Mailand an eng bedeitend Persoun vun der Geigereformatioun am 16. Joerhonnert .

Sai Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

En ass als Jong vum Ghiberto Borromeo , Grof vun Arona , an der Margarita Medici am Schlass vun Arono um Lago Maggiore op d'Welt komm. D'Borromaer waren Offizeier, Banquieren a Politiker an hate sech och an den italieeneschen Heichadel abestuet. De Carlo Borromeo ass vun der Famill zum Kleriker bestemmt ginn. Scho mat 12 Joer ass hien als Abt an der Benediktinerabtei zu Arona agesat ginn. D'Famill Borromeo hat en Usproch op dei Positioun, dei och mat engem gudden Akommes verbonne war. Mat 14 Joer huet de Carlo sai Jura-Studium zu Pavia ugefaangen, datt e 1559 mat heijen Auszeechnungen ofgeschloss huet.

Dem Carlo sai Monni, den Giovanni Angelo Medici , ass 1559 Poopst ginn. Als Pius IV. huet e sain Neveu op Roum geholl. Mat 21 Joer ass de Carlo Borromeo Geheimsekretar ginn, duerno Kardinol- Diakon . Am Konzil vun Trient , dat 1561 erem opgemaach gouf, spillt en eng wichteg Roll, en huet och weesentlech zum Ofschloss vum Konzil baigedroen.

Nom Doud vu sengem Brudder Federico huet de Carlo sech entschloss Priister ze ginn, an en ass 1563 geweit ginn. E besse mei speit huet en d'Wei zum Beschof erhalen an ass zum Kardinol an Aerzbeschof vu Mailand ernannt ginn, konnt dei Plaz awer ereischt 1565 untrieden. D' Aerzbistum huet als erofgekomm gegollt an ass vum Carlo Borromeo nees zu enger Diozees , dei sech weise konnt, gemaach ginn.

De Kardinol war e bescheidene Mann, dee Guddes gedoen an asketesch gelieft huet. En hat eng grouss Leift fir Kultur an ass vill duerch sai Bistum gereest. Onermiddlech war hien och a senger Aarbecht an am Gebiet. Seng Breiwer fellen honnert Bann an der Ambrosianescher Bibliotheik . Hien huet sech zu engem grousse Reformer vun der kathoulescher Kierch entweckelt, och andeems en all Bezeiungen a familiar Bindungen ausgenotzt huet fir sech duerchzesetzen. Besonnesch huet e sech fir Disziplin bannent der Kierch a fir dei relieis Ennerweisung vu Kanner agesat.

De Carlo Borromeo huet d' Geigereformatioun , och ennerstetzt vun der weltlecher Muecht, an de Kampf geint de Protestantismus gefouert. En huet sech virun allem fir eng moralesch Erneierung vun der reimesch-kathoulescher Kierch agesat. 1579 huet en zu deem Zweck d' Collegium Helveticum gegrennt. Enner dem Borromeo als Inquisitor sinn d'Protestante bis an den Engadin verfollegt ginn.

Fir Priisteren a Laien ze schoulen huet de Carlo Borromeo eng Rei Seminairen an aner Ariichtunge gegrennt. Seng asketesch Strengt, dei en och vum Uerdensklerus verlaangt huet, an d'Opleise vum Humilitatenuerden hunn ee Mench dozou bruecht op en ze scheissen.

Statu vum Carlo Borromeo zu Arona

An de Jore vun der Pescht ( 1576 - 78 ) huet e sech fir eng emfangraich Fleeg vun de Kranken agesat, wat e sellege Menschen d'Liewe gerett huet, him awer gesondheetlech geschuet huet. 1578 huet de Carlo Borromeo dunn den Uerde vun den Oblate vum hellegen Ambrosius gegrennt, deen aus deser Aarbecht entstanen ass. Schonn zu senge Liefzaiten ass e vu sengen Unhanger glorifizeiert ginn. Wei keen aneren huet hien den Ideal vum chreschtleche Kierchefurst verkierpert.

De Carlo Borromeo ass am Alter vu 46 Joer u Feiwer, dat sai geschwachte Kierper net mei iwwerwanne konnt, gestuerwen. Seng lescht Wierder solle gewiescht sinn: "Har, ech kommen". Sai Vermeige soll en den Aarme vermaach hunn. Eng riseg Menschemeng huet hien zu senger leschter Rou am Mailanner Doum begleet. 1602 ass e seileg a 1610 vum Poopst Paul V. helleggesprach ginn.

Monumenter [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Charles Borromeo ? Biller, Videoen oder Audiodateien