한국   대만   중국   일본 
Cape Canaveral Air Force Station ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Cape Canaveral Air Force Station

Vu Wikipedia
Fichier:Logo Cape Canaveral Air Force Station.jpg
De Logo vun der Cape Canaveral Air Force Station
Cape Canaveral Air Force Station
CCAFS ? D'Startplazen

D' Cape Canaveral Air Force Station (CCAFS) ass e Rakeitestartareal vun der U.S. Air Force um Kap Canaveral a Florida , nerdlech vu Cocoa Beach.

Warend dem Zweete Weltkrich gouf dat Gebitt vun der Air Force als Fluchplaz gebraucht. An den 1950er Jore goufen do hei schonn eischt Rakeitestarte getest. Dei eischt bemannt Raumflich vun der USA ( Mercury- , Gemini- an Apollo 7 ) si vun do gestart ginn. Zanter dem Fluch vun Apollo 8 am Dezember 1968 sinn all bemannt Rakeite vun den USA an der Weltraumgare vun der NASA dei norwestlech donieft lait, dem Kennedy Space Center gestart ginn. Vun do gi Starte mat enger Bunnschrei vun 28 Grad bis 57 Grad gemaach. Satellitte mat enger Bunnschrei vu mei wei 56 Grad gi vun der Vandenberg Air Force Base op der Westkust gestart. D' Startanlage vum Space Shuttle sinn net op der Cape Canaveral Air Force Station, ma niewendrun um Terrain vum Kennedy Space Center .

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Am September 1948 gouf den Terrain em Cape Canaveral als Banana River Naval Air Station a Betrib geholl. Den 11. Mee 1949 gouf den Areal erausgesicht, fir d'Startkapaziteite vu White Sands (WSMR) an New Mexico ze vergreisseren.

Zu Eiere vum US-President John F. Kennedy gouf d'Cape Canaveral Air Force Station 1964 a Cape Kennedy Air Force Station emgedeeft. 1973 krut d'Basis nees dei al Bezeechnung zereck. Den Numm gouf awer 1992 nees geannert: d'CCAFS hat du fir aacht Joer Cape Canaveral Air Station (CCAS) geheescht. Am Maerz 2000 annert d'US-Loftwaff den Numm nees zereck, fir de militaresche Status ze verdaitlechen. Zanterhier dreit d'Gebitt nees d'Bezeechnung Cape Canaveral Air Force Station.

Den eischte Start vu Cape Canaveral war de 24. Juli 1950 . Eng Bumper 8 war um 14:28 UTC vum Startkomplex LC-3 vun der CCAFS gestart. Bei der Bumper-8-Rakeit huet et sech em eng V2 gehandelt, dei em eng amerikanesch Uewerstuf vergreissert war.

An der Zait vun 1956 u goufen en ettlech Starte mat Jupiter -, Vanguard -, Thor - an Atlas -Rakeite gemaach.

Mat enger Jupiter-Rakeit gouf den 31. Januar 1958 den eischten US-amerikanesche Satellit Explorer 1 an de Weltraum geschoss. Op Basis vu Redstone- an d'Atlas-Rakeite gouf mat dem Mercury-Programm den eischte bemannte Programm enner der Leedung vun der 1958 gegrennter NASA entweckelt. Dei eischt bemannt Rakeit ( Mercury-Redstone 3 ) gouf de 5. Mee 1961 mat der Mission Freedom 7 fit e ballistesche Fluch gestart. Op Basis vun der Titan 2 goung et mam bemannte Programm mat Gemini weider.

Mat LC-34 an LC-37 entstoungen um nerdlechen Areal dei eischt reng NASA-Startrampe fir d'Saturn/Apollo-Missiounen. Kuerz duerno gouf dann och de Startkomplex LC-39 mat drai Startplazen, vun deenen zwar nemmen zwou gebaut goufen, fir d' Saturn V geplangt. Bei engem Test vun der Apollo 1 de 27. Januar 1967 koum et zu enger Katastroph op der Startramp, bei dar d'Crew ( Virgil Grissom , Edward White a Roger Chaffee ) emt d'Liewe koumen.

Vun der LC-34 gouf den 11. Oktober 1968 dei eischt bemannt Apollo-Missioun ( Apollo 7 ) gestart. De 16. Juli 1969 war mat dem Start vun LC-39A d' Apollo 11 mat dem Fluch zum Mound an der eischter bemannter Moundlandung gestart.

De 16. Abrell 1984 gouf d'Air Force Station als National Historic Landmark an d'nationaal Monumentlescht opgeholl.

Startrampen [ anneren | Quelltext anneren ]

Startrampe Startplazen Rakeitentyp(en) Status Bemierkungen
Launch Complex 1 (LC-1) 1 Snark inaktiv
Launch Complex 2 (LC-2) 1 Snark inaktiv
Launch Complex 3 (LC-3) 1 Bumper, Bomarc , Polaris , Lockheed X-17 inaktiv
Launch Complex 4 (LC-4) 1 Bomarc, Redstone, Matador inaktiv
Launch Complex 5 (LC-5) 1 Redstone, Jupiter inaktiv
Launch Complex 6 (LC-6) 1 Redstone, Jupiter inaktiv
Launch Complex 9 (LC-9) 1 Navaho inaktiv
Launch Complex 10 (LC-10) 1 Navaho, Alpha Draco , Jason inaktiv
Launch Complex 11 (LC-11) 1 Atlas inaktiv
Launch Complex 12 (LC-12) 1 Atlas inaktiv
Launch Complex 13 (LC-13) 1 Atlas inaktiv National Historic Landmark
Launch Complex 14 (LC-14) 1 Atlas inaktiv
Launch Complex 15 (LC-15) 1 Titan inaktiv
Launch Complex 16 (LC-16) 1 Titan, Pershing inaktiv
Launch Complex 17 (LC-17) 2 Thor, Delta aktiv
Launch Complex 18 (LC-18) 2 Viking , Scout , Thor, Vanguard inaktiv
Launch Complex 19 (LC-19) 1 Titan inaktiv
Launch Complex 20 (LC-20) 2 Titan, Starbird , Prospector , Aries , Super Loki inaktiv
Launch Complex 21 (LC-21) 2 Goose , Mace inaktiv
Launch Complex 22 (LC-22) 2 Goose, Mace inaktiv
Launch Complex 26 (LC-26) 2 Jupiter, Redstone inaktiv National Historic Landmark
Launch Complex 29 (LC-29) 2 Polaris inaktiv
Launch Complex 30 (LC-30) 5 Pershing 1 inaktiv
Launch Complex 31 (LC-31) 2 Minuteman , Pershing 1 inaktiv
Launch Complex 32 (LC-32) 1 Minuteman inaktiv
Launch Complex 34 (LC-34) 1 Saturn inaktiv National Historic Landmark
Launch Complex 36 (LC-36) 2 Atlas inaktiv
Launch Complex 37 (LC-37) 2 Saturn, Delta IV aktiv
Launch Complex 40 (LC-40) 1 Titan, Falcon 9 aktiv
Launch Complex 41 (LC-41) 1 Titan, Atlas aktiv
Launch Complex 43 (LC-43) 1 Arcas , Hopi , Loki , Rocketsond , Viper inaktiv
Launch Complex 46 (LC-46) 1 Trident , Athena aktiv
Launch Complex 47 (LC-47) 1 Loki, Rocketsond aktiv

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Cape Canaveral Air Force Station ? Biller, Videoen oder Audiodateien