한국   대만   중국   일본 
Camille Bouche ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Camille Bouche

Vu Wikipedia
Camille Bouche
Gebuer 10. November 1922
Biekerech
Gestuerwen 5. Maerz 2002
Kalkutta
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Missionnaire , Enseignant

De Camille Bouche , gebuer den 10. November 1922 zu Biekerech , a gestuerwen de 5. Maerz 2002 zu Kalkutta , war e letzebuergesche Resistenzler [1] , Jesuittepater a Missionar zu Kalkutta an Indien . Hien ass den 8. vun 10 Kanner vum Nicolas Bouche a Marguerite Goelff. Sain Neveu war de Camille Gira .

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Mat 12 Joer goung de jonke Camille Bouche op Verviers an dei apostolesch Jesuitteschoul St. Francois Xavier. Den 10. Mee 1940 sinn d'Patere mat hire Schuler iwwer Namur a Mons a Richtung Frankraich geflucht, fir den 19. Mee an der Geigend vu Valenciennes unzekommen. Enner hinnen de Camille Bouche an 8 aner Letzebuerger Studenten. Zu Escaudœuvres bei Cambrai koume si enner Beschoss vun den Nazien : 13 Schuler an 2 Patere stierwen. De Camille Bouche huet mat Verletzungen iwwerlieft. [2]

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Jesuittemonument zu Escaudœuvres .

Am September 1941 ass hien zu Arel an d' Noviziat bei de Jesuitten agetrueden. Am Ufank vun der Zwangsrekruteierung huet hie sech warend 5 Meint am Klouschter zu Clairefontaine verstoppt, duerno am Pensionat vun de Sœurs du Saint-Cœur de Marie zu Giisch a schliisslech an der Abtei Drongen bei Gent . Hei huet hie sain Noviziat ofgeschloss. Nom Ofschloss vu senger Uerdensausbildung huet hie sech am Juli 1947 entscheet, fir an Indien ze goen, wou hien am Dezember 1947 zu Kalkutta ukoum.

De Camille Bouche war 3 Joer Enseignant zu Kalkutta am St. Xavier's College an huet dei bengalesch Sprooch geleiert, ier hien 1950 am St Mary's College vun de Jesuitten zu Kurseong Theologie studeiert huet, wou hien och de Letzebuerger Jesuitt Jospeh Putz (1894-1984) als Professer hat. 1954 gouf hien zum Priister geweit. [3]

Vu Januar 1957 bis Dezember 1966 war de Pater Bouche Prefet de discipline am St. Xavier's College zu Kalkutta. Zu dar Zait hunn och d'Letzebuerger Jesuitten Paul Turmes SJ (1890-1972) vu Miersch an de Josy Sassel SJ (1918-2007) vu Maarnech do enseigneiert. 1988 gouf de Pater Bouche Direkter vun der Schoul, huet awer 1990 de St. Xavier's College verlooss, fir an der St. Lawrence High School (eng 2. mei kleng Jesuitteschoul zu Kalkutta) d'Aufgab vum Prafekt vun der Primarschoul z'iwwerhuelen.

1999 koum hien eng lescht Keier op Letzebuerg. Seng Gesondheet ass mei schlecht ginn, ma hien ass net zu Letzebuerg bliwwen. Vun 2000 bis zu sengem Doud 2002 war hien erem um St. Xavier‘s College . Am Joer 2001 gouf hien an d' Hall of Fame of Education , eng Fondatioun vun der Dageszeitung The Telegraph opgeholl. De 7. Maerz 2022 gouf hien zu Dhyan Ashram an Thakurpukur quasi wei op engem Staatsbegriefnes begruewen.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Bodo Bost, Indienmissionar aus Beckerich, " Father Camille Bouche SJ - a hommage to a remarkable man ", Erinnerungen an den vor 90 Jahren geborenen, Die Warte 31|2381, S. 16-18, Luxemburger Wort 15.11.2012
  • Bodo Bost, Lehrer von Lakshmi Mittal, Beichtvater von Mutter Teresa, Pater Camille Bouche SJ (1922-2002) aus Beckerich bleibt in Indien auch 20 Jahre nach seinem Tode unvergessen. Die Warte 8|2751, S. 6-7, Luxemburger Wort 9.3.2023

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Bouche Camille . Federation des enroles de force. Gekuckt de(n) 10.3.2023.
  2. Die Toten von Escaudœuvres . Federation des enroles de force. Gekuckt de(n) 11.3.2023.
  3. (de) Primizfeier eines Jesuitenmissionars in Indien . Luxemburger Wort (26.11.1954). Gekuckt de(n) 11.3.2023.