De
Cameron Carpenter
, gebuer den
18. Abrell
1981
am
Bundesstaat
Pennsylvania
, ass en
US-amerikaneschen
Organist
a
Komponist
, dee fir seng Virtuositeit, seng gescheckt Optretter, seng Technik a seng Arrangementer fir d'Uergel bekannt ass.
De Cameron Carpenter huet seng Karriar
als ?Wonnerkand“ ugefaangen. Schonn am Alter vun eelef Joer huet hie mat enger vollstanneger Opfeierung vum
Johann Sebastian Bach
sengem ?Wohltemperiertes Klavier“ op sech opmierksam gemaach. Sain europaeschen Debut hat hien zwee Joer mei speit. De Carpenter huet op der
Juilliard School
zu
New York
beim Gerre Hancock, dem
John Weaver
an dem Paul Jacobs studeiert (master degree). Hie war fir eng kuerz Zait
artist-in-residence
an der
Middle Collegiate Church
zu New York an huet reegelmeisseg an deene groussen amerikaneschen an europaesche Musekszentre Concerte gespillt. Sain Album
Revolutionary
gouf fir de
Grammy
2009 nomineiert.
Dem Cameron Carpenter seng Siicht vun der Uergel ass sakular: se emfaasst net nemmen de klasseschen Uergelrepertoire, ma och Beaarbechtunge vu Pianos- an Orchestermusek. Sou huet hien zum Beispill dei ganz 5. Sinfonie vum
Gustav Mahler
fir d'Uergel arrangeiert. Seng Uergelversioun vun der Etud Op. 10, No. 12 (
Chopin
) hunn d'Grenze vun der traditioneller Spillweis a Fro gestallt. Dei chromatesch Leef an der ?Revolutiounsetud“ (Op. 10 Nr. 12) an d'?Etud op de schwaarzen Tasten“ (Op. 10 Nr. 5) beispillsweis spillt hie just um
Pedall
.