De
Buzz Aldrin
, gebuer als Edwin Eugene Aldrin jr. den
20. Januar
1930
zu Glen Ridge am
New Jersey
, ass en
amerikaneschen
Astronaut. Hien ass beim
Gemini programm
a beim
Apolloprogramm
matgeflunn a war den 2. Mensch um
Mound
.
Veier Deeg nom Start vun der
Apollo 11
de 16. Juli 1969, den 20. Juli um 20:17
UTC
ass d'Landemodul "Eagle" op der Moundsurface am
Mare Tranquillitatis
ukomm. Den 21. Juli um 2:56 UTC ass den
Neil Armstrong
aus dem Landemodul erausgeklommen an huet als eischte Mensch e Fouss op en aneren
Himmelskierper
gesat. Den Aldrin koum him 19 Minutten drop no.
Dei zwein hunn en amerikanesche Fandel opgestallt, Moundgestengprouwe gesammelt a wessenschaftlech Instrumenter opgeriicht. De ganzen Aussebordasaz gouf gefilmt an deelweis live iwwer Telee op d'Aerd iwwerdroen.